
D’Spectateure kruten e montere Match an der BayArena ze gesinn, an deem et op an of gaangen ass. Béid Formatiounen hu sech Chancen erausgespillt a mat voller Vitesse no vir gespillt. Et waren awer d’Gäscht aus der Belsch, déi mam Moris am Gol mat 1:0 a Féierung goe konnten. Dëst no engem Gol vum Boniface an der 51. Minutt. Allerdéngs konnt de Wirtz an der 82. Minutt mat sengem Schoss fir den 1:1-Ausgläich suergen. De Moris stoung beim 1:1-Remis vun der Union Saint-Gilloise géint Leverkusen de ganze Match iwwer um Terrain.
E Mëttwoch den Owend ass et fir Eyüpspor, den Tabellendrëtten an der zweeter tierkescher Liga, géint Gençlerbirliği, déi op der 15. Plaz stinn, gaangen.
De Favoritt Eyüpspor huet am eegene Stadion net esou richteg an de Match fonnt. Esou louch d’Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller Olivier Thill scho relativ fréi hannen. An der 13. Minutt konnt de Gureler seng Ekipp mat 1:0 a Féierung bréngen. Och duerno ass der Lokalekipp net all ze vill agefall, soudatt den Demir an der 51. Minutt op 2:0 erhéije konnt. Eyüpspor hat doropshi wuel e puer Chancen, mä et sollt kee Gol méi fir d’Lokalekipp falen. Dës léisst mat der 2:0-Defaite wäertvoll Punkten am Opstigskampf léien a muss elo hoffen, datt Rizespor op der zweeter Tabelleplaz hire Match verléiert. Den Olivier Thill souz iwwerdeems dee ganze Match op der Bänk.