3000mVera Hoffmann knackt de Rekord vum Danièle Kaber

RTL Lëtzebuerg
An der Liichathletik ass d’Vera Hoffmann e Samschdeg bei engem Meeting zu Regensburg an Däitschland iwwer 3000 Meter een neie Lëtzebuerger Rekord gelaf.
© FLA

De Chrono ass fir d’Leeferin vum Celtic no 9 Minutten 12 Sekonnen a 27 Honnertstel stoe bliwwen an domadder ass d‘Hoffmann 60 Honnertstel ënnert dem Rekord vum Danièle Kaber aus dem Joer 1986 bliwwen. Um Enn war et déi 4. Plaz fir d‘Vera Hoffmann an der Course.

Back to Top
CIM LOGO