
Bei der Victoire vu Casa Pia fir de Kont vum 10. Spilldag an der Liga Portugal 2 stoung de Marvin Martins an der Startformatioun. De Lëtzebuerger Nationalspiller krut an der 42. Minutt déi giel Kaart gewisen a gouf 10 Minutte viru Schluss ausgewiesselt.
Casa Pia steet no 10 Spilldeeg op der 9. Plaz an der Tabell.