
E Sonndeg waren e puer Lëtzebuerger Nationalspiller mat hiren Ekippen am Asaz.
Union Berlin - Dortmund 0:3
0:1 Reus (18.), 0:2 Reus (26.), 0:3 Guerreiro (71.)
Dortmund konnt d’Néierlag vun de Bayern gëschter zu Bochum notzen an nees sechs Punkten un den Tabelleleader eruréckelen. Zäitgläich hunn déi Schwaarz-Giel de Konkurrent Leverkusen mat fënnef Punkten op Distanz gehalen. No enger Véierelstonn huet Dortmund de Match ëmmer méi u sech gerappt a konnt no 18 Minutten duerch de Reus mat 1:0 a Féierung goen. Aacht Minutte méi spéit konnt den Dortmunder Kapitän säin zweete Gol am Match markéieren. Et war awer net esou, dass Union Berlin keng Chancë gehat hätt. An der zweeter Hallschent ass laang näischt geschitt bis de Guerreiro, no Virlag vum Malen, zum 3:0 eragesat huet, woumat de Match zu Gonschte vun Dortmund kloer war. E puer Minutte nom 0:3 huet Union e Gol markéiert, deen awer vum VAR oferkannt gouf.
Hoffenheim - Bielefeld 2:0
1:0 Hübner (22.), 2:0 Rutter (51.)
Hoffenheim konnt sech no dräi konsekutiven Defaiten nees dräi Punkte sécheren. Beim Heemmatch géint Bielefeld huet de Kapitän Hübner d’TSG mat sengem éischte Gol no senger Blessur a Féierung bruecht. Den zweete Gol huet de Fransous Rutter an der zweeter Hallschent bäigesteiert. Hoffenheim steet no dëser Victoire nees op enger internationaler Plaz. Fir Bielefeld war et déi éischt Néierlag an dësem Joer. Si sti weiderhin op der 15. Plaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Burnley - Liverpool 0:1
0:1 Fabinho (40.)
Mat dëser Victoire bleift Liverpool um Tabelleleader Manchester City drun an hält den Ecart bei néng Punkten. Et war déi véiert konsekutiv Victoire fir d’Reds, déi nach ee Match manner gespillt hunn, wéi den Konkurrent aus Manchester.
Tottenham - Wolverhampton 0:2
0:1 Jimenez (6.), Dendoncker (18.)
Tottenham verléiert am Match géint en direkte Konkurrent wichteg Punkten am Kampf ëm déi international Plazen. Et war déi drëtt konsekutiv Néierlag fir d’Ekipp vum Antonio Conte.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AC Mailand - Sampdoria Genua 1:0
1:0 Leao (8.)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Monaco - Lorient 0:0
Angers - Stroossbuerg 0:1
0:1 Gameiro (11.)