
Den Anthony Moris stoung beim Match tëscht Royale Union St. Gilloise a St. Truiden an der Startformatioun, konnt awer d'0:1-Defaite net verhënneren. Dem Moris seng Ekipp huet an der Tabell nach ëmmer eng Avance vu siwe Punkten op den Zweetplacéierten Antwerpen.
E Sonndegmëtteg stoung fir dem Laurent Jans säi Veräin Sparta Rotterdam e wichtege Match am Kampf géint den Ofstig um Programm. No zwee verluerene Matcher an zwee Gläichspiller konnt Sparta Rotterdam eng 1:0-Victoire géint en direkte Konkurrent, Willem II Tilburg, feieren. Rotterdam klëmmt an der Tabell op déi 17. Plaz an huet just nach véier Punkte Retard op eng Net-Ofstigsplaz. De Laurent Jans selwer koum bei dësem Match net zum Asaz, de Mica Pinto stoung net am Kader.
De Maurice Deville war mam SV Sandhausen an der 2. Bundesliga am Asaz. Seng Ekipp huet sech zu Ingolstadt ee Punkt am Kampf géint den Ofstig geséchert an en direkte Konkurrent op Distanz gehalen. Mat dësem 0:0 bleift Sandhausen op der 15. Plaz am Klassement, eng Positioun virun der Relegatiounsplaz. De Maurice Deville huet net laang an de Match agegraff, hie gouf an der Nospillzäit agewiesselt.
An der franséischer Ligue 1 ass Troyes mam Gerson Rodrigues bei Brest mat 1:5 ënnert d’Rieder komm. De Lëtzebuerger Nationalspiller souz 90 Minutten op der Bänk. No dëser batterer Néierlag muss Troyes nach méi hannert sech kucken, well den Ecart op d’Relegatiounsplaz resp. eng Ofstigsplaz zimmlech kleng ass.
A Griicheland huet sech OFI Kreta mat 2:1 géint Volos duerchgesat. De Veräin vum Vahid Selimovic steet no dëser Victoire op der siwenter Plaz, punktgläich mam sechstplazéierte Asteras Tripolis. Déi sechst Plaz géif Kreta zur Participatioun an der Meeschterronn berechtegen. De Lëtzebuerger stoung bei dësem Match am Kader, ass awer net zum Asaz komm.
Mam Tim Hall e Sonndeg stoung e weidere Lëtzebuerger Nationalspiller um Terrain. Beim Match an der zypriotescher Liga tëscht Achnas a Paphos stoung den Hall an der Startformatioun, mee konnt d'0:1-Heemdefaite vu senger Ekipp net verhënneren.
De Marvin Martins huet mat Austria Wien 2:0 géint Altach gewonnen. Dobäi stoung de Lëtzebuerger Defenseur 90 Minutten um Terrain. Austria stinn an der Tabell op der 6. Plaz.
Huddersfield Town ass an der englescher Championship net iwwert een 0:0-Remis erauskomm. Am Duell géint Sheffield United ass den Danel Sinani op Säite vun Huddersfield an der 76. agewiesselt ginn. Huddersfield läit an der Tabell op der 5. Plaz.
An der däitscher Bundesliga stoung de Leandro Barreiro beim 1:1 vu Mainz zu Freiburg net vun Ufank un um Terrain. De Mëttelfeldspiller ass an der 79. Minutt agewiesselt ginn. Mainz steet op der 9. Plaz an der Tabell.
An der 3. Liga an Däitschland ass et am Spëtzematch tëscht Kaiserslautern an dem FC Magdeburg kee Gewënner ginn. Béid Ekippen hu sech no spannenden 90 Minutten 2:2-Gläich getrennt. Bei Magdeburg stoung de Eldin Dzogovic net am Kader.
An der 2. Bundesliga huet den Dirk Carlson mat Erzgebirge Aue mat 2:3 géint Kiel de Kierzeren gezunn. Nodeems d’Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller scho mat 0:2 am Réckstand louch a kuerz virun der Paus och nach eng rout Kaart gesinn huet, hu se Moral bewisen a sinn duerch Goler an der 79. an 84. Minutt nees op 2:2 erukomm. Mee duerch e Gol vum Wriedt an der 90. Minutt konnt Kiel de Match dann awer nach fir sech entscheeden. Den Dirk Carlson koum dobäi déi voll 90 Minutten zum Asaz.