Vëlo-EM a SlowenienVictoire fir Héctor Alvarez, Mil Morang 20. an der Course vun den U23-Männer

Tom Flammang
E Freideg de Mëtteg gouf d'U23-Course vun de Männer a Slowenien gefuer. No 141,8 Kilometer Course konnt sech de Spuenier Héctor Alvarez duerchsetzen.

Hien hat op der Arrivée 20 Sekonnen Avance op de Pol Jan Michal Jackowiak. Bronze wat fir de Belsch Niels Driesen. An enger extrem séierer Course, mat enger Moyenne vun iwwer 46 Kilometer an der Stonn, konnt sech de Mil Morang als 20. klasséieren. Hien hat e Retard vun 2 Minutten an 8 Sekonnen. Am Interview weist sech de Coureur den Ëmstänn entspriechend zefridde mat sengem Klassement:

"Op deem Parcours war haut net méi fir mech dran. Ech hu mech net super gefillt a war nach e bësse midd vun der Rees aus Kanada. Wou mer déi éischte Kéier an de Bierg era gefuer sinn, do war ech awer gutt placéiert. Ech war verwonnert, datt mer nëmmen nach zu 30 - 40 waren. Vun do u war ech op mech eleng gestalt an ech hu probéiert, sou vill wéi méiglech Kraaft ze spueren. Déi zweete Kéier sinn d'Belsch voll era gefuer, ech si mäi Rhythmus bis iwwer d'Kopp gefuer. Dono hunn ech gesinn, datt ech an deem Grupp kéint ëm déi 20. Plaz fueren. Déi 20. Plaz ass net top top, mee ech sinn awer domat zefridden. Dee Bierg ass wierklech schwéier, am Laf vun der Course konnt ech awer bësse Confiance tanken."

De Mil Morang am Interview no der EM a Slowenien
Bei der Course vun den U23 Männer ass de Lëtzebuerger e Freideg den 20. ginn

Den Héctor Alavarez gehéiert zu de gréissten Talenter am internationale Vëlosport an hat virun enger Woch op der Weltmeeschterschaft a Kanada hannert dem Amerikaner Ashlin Barry d`Sëlwermedail gewonnen. De Flavio Astolfi konnt sech als 57. klasséieren. Hien hat op der Arrivée e Retard vu 6 Minutten a 47 Sekonnen.

De Yannis Lang an den Alex Kerrens sinn d'Course net op en Enn gefuer.

Back to Top
CIM LOGO