Cyclocross BielesMuechtdemonstratioun vum Liv Wenzel, Yannis Lang wënnt bei den Hären

Jacques Joseph
D'Liv Wenzel huet de Cyclocross zu Bieles bei den Dammen e Sonndeg dominéiert. Bei den Häre war et dogéint bis zum Schluss spannend.
De Resumé vum Cyclocross zu Bieles
D'Liv Wenzel huet de Cyclocross zu Bieles bei den Dammen e Sonndeg dominéiert. Bei den Häre war et dogéint bis zum Schluss spannend.

Just fënnef Damme waren e Sonndeg de Mëtteg um Gaalgebierg um Depart, ënnert hinnen d’Liv Wenzel. Déi 22 Joer jonk Cyclistin, déi jo kierzlech beim Lidl-Trek Future Racing Woman Team ënnerschriwwen huet, sollt der Course hire Stempel opdrécken. Vum Depart fort louch d’Liv Wenzel un der Spëtzt an huet hire Virsprong vun Tour zu Tour zolidd ausgebaut, fir um Enn méi wéi 6 Minutten Avance op hir Konkurrentinnen ze hunn. Dës Course war eng gutt Trainingsunitéit fir si

Zweet gouf e Sonndeg de Mëtteg d’Suzie Godart. Onermiddlech huet déi 62 Joer jonk villfach Championne hir Course erofgespullt a gouf deemno Bescht bei de Masters. Drëtt um Podium war d'Kylie Bintz als séierst Espoir.

Zueleméisseg sinn der an der Haaptcourse vun den Hären net vill méi un den Depart gaangen. 11 Coureuren hu sech ënnertenee gemooss. Ganz fréi huet sech de Yannis Lang virop ofgesat. Dee jonke Coureur, deen e Samschdeg seng 19 Joer gefeiert huet, konnt sech lues awer sécher ee Virsprong bei hallwer Course vun iwwer 20 Sekonnen erausfueren. Allerdéngs sinn him e puer Feeler ënnerlaf. Zwee Mol ass hie liicht ausgerutscht, wat et der Konkurrenz erlaabt huet, fir méi no bäi ze kommen. Et war de Raphael Kockelmann, deen am leschten Tour d’Lach op de Coureur vum LRG Cycling Team Balen zoufuere konnt, mee ee Feeler kuerz virun der Arrivée huet him d’Victoire kascht. Éischte Cross vun der Saison vum Yannis Lang, éischte Victoire, besser kann et net goen.

13 Sekonne Retard hat de Raphael Kockelmann um wäisse Strech. Drëtte gouf de François Hyon aus Frankräich op annerhallef Minutt, dee schonn e Samschdeg zu Grenelle um Depart war.

Back to Top
CIM LOGO