No Protest vun FSCLCamille Dahm: "Mir hu bis elo nach näischt héieren"

Tom Flammang
D'Lëtzebuerger Federatioun schéckt dësen Donneschdeg en ageschriwwene Bréif un d'UCI.
D'FSCL waart no Reklamatioun nach ëmmer op eng Äntwert vun der UEC an UCI.
E Bréif un d'UEC an d'UCI ass nach eemol verschéckt.

Nodeems déi Lëtzebuerger Vëlosfederatioun leschte Samschdeg Protest géint d'Decisioun vun der Jury, fir d'Marie Schreiber vun der éischter op déi zweet Plaz ze deklasséieren, ageluecht hat, huet ee bis en Donneschdeg nach kee Retour vun der UEC an der UCI kritt.

E Mëttwoch den Owend huet een am Comité d'Administration vun der FSCL decidéiert, den Donneschdeg mat engem ageschriwwene Bréif u béid Verbänn nach eemol Drock ze maachen.

Dëst huet de Camille Dahm, de President vun der Federatioun eis erkläert.

"Mir hu bis elo näischt matkritt, ech hunn et selwer vu President zu President viru geleet, souwuel bei den UEC- wéi och bei den UCI President. Mir hunn nach e bëssen hin an hier geschriwwen an dono krut ech eng "de Fonctionnaire" Äntwert. Mir hunn doropshin am CA decidéiert, fir nach eemol nozehaken, net datt mer wéinst engem Delai kéinte Problemer kréien. De Moien ass e Recommandé raus mam Wonsch, op dräi Froen eng Äntwert ze kréien. Op wéi e Grond hin datt si dem Marie eppes géife virgeheien, wien dat decidéiert hätt, well jo keng Reklamatioun dobäi war, a mir hunn nach eemol déi offiziell Reklamatioun vu leschtem Samschdeg dobäi geluecht, mir ginn eis net.

Mir hunn och Ënnerstëtzung vum COSL, deen eis, souwäit et geet, wäert hëllefen. D'Marie hätt dann och nach selwer d'Méiglechkeet un d'Ethik-Kommissioun vun der UCI ze schreiwen an ze preziséieren, datt et net richteg gehéiert gi wier. Mir wëlle jiddefalls bis op de Maximum goen, wann et muss si bis virun den TAS/CAS zu Lausanne, och wann dat e puer Frang kascht. Et ass eng Saach vu Respekt, fir iwwerhaapt mol eng Äntwert ze kréien."

Back to Top
CIM LOGO