Internationale FuttballVictoirë fir Tottenham a Manchester United 

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems huet Arsenal London fir eng éischte Kéier an dëser Saison Punkte leie gelooss a spillt 2:2 géint Fulham.
© AFP

An der englescher Premier League gouf et am fréien Nomëtteg eng Victoire vun Tottenham géint Bournemouth. Union Berlin a Freiburg gewannen ënnert anerem hir Matcher an der Bundesliga. An och e puer Lëtzebuerger Futtballer waren am Asaz.

Premier League

AFC Bournemouth - Tottenham Hotspur 0:2
0:1 Maddison (17'), 0:2 Kulusevski (63')

Tottenham Hotspur si weider a gudder Form a gewannen um 4. Spilldag och géint Bournemouth. Virun allem de Maddison hat an der Ufanksphas gutt Chancen, d’Spurs a Féierung ze bréngen, ass awer um Golkipp hänke bliwwen. An der 17. Minutt huet de 26 Joer ale Spiller seng Ekipp dunn awer a Féierung geschoss. No der Paus huet d’Lokalekipp e Gang zougeluecht, ass awer du kal erwëscht ginn. Nom 0:2 fir Tottenham war de Match virentscheed. D’Londoner hunn no 3 Matcher elo 7 Punkten um Konto, iwwerdeems Bournemouth 1 Punkt an der Tabell huet.

FC Arsenal - FC Fulham 2:2
0:1 Pereira (1'), 1:1 Saka (70'), 2:1 Nketiah 73'), 2:2 Palhinha (87')

58 Sekonnen huet et gedauert bis de Ball fir eng éischte Kéier de Wee an de Gol fonnt huet. De Pereira huet eng katastrophal Feelpass vum Saka konnten äiskal ausnotzen, fir Fulham no 1 Minutt mat 1:0 a Féierung konnten ze schéissen. Mat e bësse Reussite hätt Fulham duerch den Jimenez kéinte mat 2:0 a Féierung goen, säi Schoss sollt awer knapp laanscht de Potto goen. An der Schlussphas sollt et dunn hin an hier goen. Bannent dréi Minutte konnten d’Gunners de Match zu hire Gonschten dréinen, éier kuerz viru Schluss de Palhinha den Ausgläich fir d’Gäscht konnt markéieren. Den nächste Spilldag kritt et Arsenal da mat Manchester United ze dinn.

Manchester United - Nottingham Forest 3:2
0:1 Awoniyi (2'), 0:2 Boly (4'), 1:2 Eriksen (17'), 2:2 Casemiro (52'), 3:2 Fernandes (76')

Bannent 4 Minutten huet den Underdog vun Nottingham gläich 2 Mol zougeschloen a louch no 4 gespillte Minutte mat 2:0 zu Manchester a Féierung. ManU huet e bësse gebraucht, fir sech vun dësem Schock ze erhuelen, an huet duerch den Eriksen an der 17. Minutt den Uschloss konnten hierstellen. An der zweeter Hallschent hunn de Casemiro a Fernandes de Match zu Gonschte vun der Lokalekipp konnten dréinen, a gewannen um Enn dach nach verdéngt mat 3:2. Nottingham huet de ganze Match wuel de Kapp net an de Sand gestach, sollt um Enn awer näischt méi konnten dogéint setzen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Frosinone Calcio - Atalanta Bergamo 2:1
1:0 Harroui (5'), 2:0 Monterisi (24'), 2:1 Zapata (56')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Olympique Marseille - Stade Brest 2:0
1:0 Mbemba (4'), 2:0 Sarr (65')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

A Spuenien hat sech schonn e Freideg Real Madrid ënnert anerem mat 1:0 géint Celta Vigo konnte behaapten.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO