2.100 DepartenVill Undrang beim Ettelbrécker Schwamm-Meeting

RTL Lëtzebuerg
Rout a gréng, hunn e Samschdeg de Moien an der Schwemm zu Ettelbréck dominéiert. Schwammkapen, T-Shirten, Karte fir d'Jugen.
Vill Undrang beim Ettelbrécker Schwamm-Meeting
Virum Covid louch d’Zuel vun den Departe bei 1.100. E Samschdeg waren et der mat 2.100 bal duebel esou vill.

Dëst sollt den Oflaf méi einfach maachen. 2 Schwëmmer sinn nämlech an engem Couloir geschwommen, nodeems se mat engem Decalage vun 10 Sekonne gestart waren. Dat gouf et fir d’lescht virun 20 Joer. Déi grouss Zuel un Aschreiwungen ass d’Erklärung heifir. Nëmmen esou konnt de Meeting de Weekend iwwert d’Bün goen.

Virum Covid louch d’Zuel vun den Departe bei 1.100. E Samschdeg waren et der mat 2.100 bal duebel esou vill. Fir déi Offiziell war et en Challenge dës Competitioun op eng positiv Manéier iwwer d’Bün ze kréien. Besonnesch well eng Rei vun deene Jéngsten hiren éischte Meeting geschwomme sinn, an d’Zäiten hu misse manuell gestoppt ginn.

Am Géigesaz zu de meeschten anere Meetingen, ginn et zu Ettelbréck fir déi Jéngst keng “temps limites”, fir d’Umeldungen, wat zum Deel ,déi grouss Zuel vun Departen erkläert. Den Undrang spigelt sech och am Veräin zréck, wou vill Kanner an de Club kommen, fir Schwammen ze léieren, an da Spaass vum Schwammsport kréien.

Wéi déi Jéngst fäerdeg waren, ass et mat den normale Kompetitioune virugaangen. Dat mat elektroneschem Chronometrage. Zu Ettelbréck beherrschen se déi al an déi modern Methoden.

Back to Top
CIM LOGO