Däitschland géint EnglandVirschau op d'Dammen-EM-Finall mam Dan Santos

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend konnt sech Däitschland an der zweeter Halleffinall vun der Damme-Futtball-Europameeschterschaft mat 2:1 géint Frankräich behaapten.
© JUSTIN TALLIS / AFP

Domat trëfft d’Ekipp vum Martina Voss-Tecklenburg e Sonndeg an der Finall op d’Haushärinnen aus England. Eng Partie, déi Spannung versprécht.

Virschau op d’Dammen-EM-Finall - Rep. Sam Rickal

Duerch zwee Goler vum Alexandra Popp konnt sech déi däitsch Selektioun e Mëttwoch zu Milton Keynes géint d’Matfavorittinnen Frankräich duerchsetzen. Eng däitsch Ekipp, déi bis gëschter defensiv ee Parcours sans faute gemaach huet. Trotz zwee positive Coronafäll konnte si sech souverän fir d’Finall vun der Dammen-Europameeschterschaft qualifizéieren.

Dozou de Lëtzebuerger Fussball Nationaltrainer Dan Santos: “Däitschland hat bis virum Match gëschter géint Frankräich kee Gol geschoss kritt. Si si ganz stabil, ganz zolidd. Wéinst Covid haten si zwou Spillerinnen, déi gefeelt hunn. Doduerch si si och e bësse méi schwaach gi vum Kader hir. Ob déi lo fit gi fir d’Finall, dat muss ee lo kucken. D’Finall gëtt ganz spannend an ech mengen et sinn och déi zwou bescht Ekippen, déi am konstantsten, am zolittsten, am athleteschsten an taktesch déi stäerkst Ekippe waren.”

D’Haushärinnen aus England, déi an der Qualifikatioun fir WM 2023 och géint d’rout Léiwinne spillen, hunn quasi all Match dominéiert an hunn ënner anerem Spuenien a Schweden eliminéiert.

Fir d’Ekipp ronderëm Kapitänin Leah Williamson ass et natierlech ee Virdeel, datt si d’Finall virun eegenem Publikum kënne spillen: “England ass liichte Favorit, well si doheem spillen. Si hunn hiert ganzt Publikum hannert sech. Et ass ganz kloer, dat wann een doheem spillt, déi Euphorie, déi doheem ass, en plus an England, hu si ee klenge Virdeel a sinn doduerch och Favorit fir d’Finall.”

Fir de Nationaltrainer wäert et een enken a spannende Match ginn: “Mäin Tipp fir d’Finall: 51% fir England, 49% fir Däitschland. England huet villäicht ee méi grousse Kader an ass och mengen ech méi staark wéi dee vun Däitschland. Do kann am Moment all Spillerin rakommen an de Niveau geet net erof. Ech sot ëmmer zu mengem Grupp, mir spille géint deen zukünftegen Europameeschter, dofir mengen, datt si dat och lo wäerte ginn. Wann et awer an d’Eelefmeterschéisse geet, da wënnt Däitschland.”

D’Finall gëtt e Sonndeg ëm 18 Auer virun 90.000 Spectateuren am ausverkaafte Wembley Stadion zu London ugepaff.

De 6. September spillt d’Ekipp vum Dan Santos hire Réckmatch an der WM-Quali auswäerts an England.

Back to Top
CIM LOGO