Champions-League-QualifikatiounVirschau op de Retourmatch vum F91 Diddeleng géint den FK Tirana

Franky Hippert
No der 1:0 Victoire am Allersmatch an der éischter Ronn vun der Champions-League-Qualifikatioun, sinn d'Diddelenger fir de Retour an Albanien am Asaz.

Virschau F91 Diddeleng Retourmatch CL / Rep. Frank Hippert

Wann den F91 géif wannen, da spillt de Lëtzebuerger Champion duerno nach op d’mannst géint dräi aner Géigner an zwar e weideren Tour an der Champions-League-Qualifikatioun, duerno am schlechtste Fall nach eng Ronn an der Europa League an och nach een Tour an der Conference-League-Qualifikatioun. Den Trainer vun Diddeleng, de Carlos Fangueiro erënnert un d’Mentalitéit vu senger Ekipp a betount, dass hien zefridden mat der Aarbecht vun dëser Ekipp ass.

Zanter déck zwou Wochen huet den F91 mam Manuel da Costa elo e Spiller a senge Reien, deen 2018 mam Maroque op der Weltmeeschterschaft dobäi war. Den Trainer vun Diddeleng weess, datt den Zentralverteideger, deen ënnert anerem bei West Ham an der englescher Premier League gespillt huet, eng wichteg Roll spillt. Den Da Costa, sou de Fangueiro, ass physesch ëmmer nach a formidabeler Verfassung, ass erfueren an huet Qualitéite vun engem Féierungsspiller.

Och de Lucas Fox, Goalkeeper vun der Lëtzebuerger Nationalekipp ass frou, de 36 Joer alen Da Costa viru sech ze hunn a betount, dass alleguer defensiv Spiller vu senger Erfarung profitéieren an nach vill vum Marokkaner léiere kënnen.

E Facteur, deen am Retourmatch fir den FK Tirana schwätzt, ass deen hëtzege Public. Ronn 10.000 Spectateure ginn an der Air Albania Arena erwaart. Aschüchtere léisst sech de Carlos Fangueiro dovunner awer net an ass zouversiichtlech, dass seng Spiller prett sinn.

Et gëtt sécherlech net einfach fir den F91 Diddeleng, fir an déi zweet Ronn vun der Champions-League-Qualifikatioun ze kommen. Onméiglech ass et awer och net.

Back to Top
CIM LOGO