
Déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe huet dat beschte Joer an hirer Geschicht hannert sech, dat mat 5 Victoiren 2 Remisen an just 3 Defaiten. An der Nations League gouf de Final Four an der Divisioun D nëmme knapp verpasst. Dëst Joer leeft dem Nationaltrainer Luc Holtz säin Kontrakt aus.
An zwar den 31. Dezember. De Concernéierten selwer, huet sech doriwwer awer nach net vill Gedanke gemaach, dat war nach ni eng Stresssituatioun fir de Luc Holtz. Dat Wichtegst fir den Trainer ass d’Verhältnis mam Staff an de Spiller, awer och mat den Dirigente vun der FLF. An do ass d’Visioun, wéi een d’Zukunft wëll gestalten, entscheedend. Do muss an eng Direktioun geschafft ginn, dann ass et fir den Nationaltrainer och sënnvoll, fir weiderzeschaffen.
Wärend de gudde Resultater an der Nations League gouf Lëtzebuerg an den internationale Medie jo schonn als dat neit Island titeléiert. Do läit et jo op der Hand, datt den FLF-Nationaltrainer och vun auslännesche Veräiner approchéiert gi wär. Sou en ambitionéierten Mënsch, wei den 49 Joer alen Trainer, misst et dach och bestëmmt reizen, eng Kéier bei engem Proficlub kënnen ze schaffen.
Et ass reizend, esou e Posten unzehuelen, seet de Luc Holtz. Hien hänkt awer un de Spiller, um Staff an un der ganzer Nationalekipp. Hien ass stolz, Lëtzebuerger ze sinn, an dowéinst och houfreg, fir déi Funktioun auszeüben. Hie wier net dee Mënsch, deen dat einfach esou géif lassloossen, esou de Luc Holtz nach weider. Esoulaang dat hei Spaass mécht, muss hien och net direkt an de Profi-Beräich goen.
No den éischte 6 Méint vun dësem Joer géif ee sech da mam A-Nationaltrainer un en Dësch setzen, hat de FLF-President Paul Philipp jo virun e puer Wochen bei eis am RTL-Interview gesot.
Interessant dierft et ginn, wéi et fir den Directeur Technique vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun Reinhold Breu viru geet, dee jo ëmmer nees kritiséiert gëtt, an deem säi Kontrakt den 30. Juni ausleeft.