DammevolleyballWalfer setzt sech kloer an der 2. Finall duerch an ass Champion

RTL Lëtzebuerg
D'Gym huet am 1. an am 3. Saz alles ginn. Um Enn sollt et awer net duergoen, fir en drëtte Match géint Walfer ze erzwéngen.
null
An der 2. Finall huet ee sech déi zweet an domadder decisiv Victoire géint d’Gym geséchert.

No der Victoire am éischte Match huet sech Walfer an der 2. Finall kloer mat 3:0 duerchgesat. Den éischte Saz war nach relativ ausgeglach. Trotzdeem huet Walfer dee mat 25:21 fir sech entscheet. Am 2. Set war d’Gym komplett ofgemellt an d’Heemekipp konnt just 9 Punkte markéieren. Am drëtte Saz huet d’Gym nach emol dogéint gehalen, mee och do sollt ee mat 20:25 de Kierzeren zéien.

Walfer huet sech no 2 Victoiren am Best-of-Three-Modus duerchgesat an huet säi Meeschtertitel verdeedegt.

null
An der 2. Finall huet ee sech déi zweet an domadder decisiv Victoire géint d’Gym geséchert.

Playdown Dammen an Hären

Back to Top
CIM LOGO