FLSEWat maache mat de Päerd, déi am Stall stinn?

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 5.000 Päerd stinn den Ament hei zu Lëtzebuerg an de Ställ.

An Zäite vum Coronavirus kéint dat ee Problem ginn, wa sech net richteg ëm si gekëmmert gëtt.

D'Reitsport-Federatioun huet an de leschten Deeg vill Uriff vu Besëtzer kritt, déi net esou richteg wëssen, wat si solle maachen. Dofir huet d'FLSE, zesumme mat der Veterinärsinspektioun, ee Communiqué ausgeschafft, wéi ee mat där spezieller Situatioun soll ëmgoen.

Wat maache mat de Päerd? / Rep. Rich Simon

Hei zu Lëtzebuerg hu ganz vill Leit Päerd an engem Reitstall stoen. Déi musse natierlech och an dësen Zäite verfleegt ginn. Do si souwuel d'Stallbesëtzer wéi awer och d'Proprietäre gefuerdert. Et ass eng Situatioun déi een net däerf ënnerschätzen.

Virun allem wann ee weess, dass den Ament iwwer 5.000 Päerd queesch duerch d'Land an de Ställ stinn. An de leschten Deeg hu vill Leit sech Gedanke gemaach, wéi si sech solle verhalen. A vill vun hinnen hu sech bei der Reitsport-Federatioun gemellt. Natierlech och Elteren, deenen hir Kanner an enger Reitschoul sinn. Hei gëtt et vun der Federatioun eng kloer Direktiv. De Guy Franziskus vun der FLSE.

"Kloer ass, dass Reitschoulen, déi mat Kanner schaffen, den Ament op Äis geluecht sinn. Wat awer net onbedéngt eppes mat Leit ze dinn huet, déi privat ee Päerd hunn an déi all Dag musse beweegt ginn.", betount de Guy Franziskus.

D'Beweegung fir d'Päerd ass immens wichteg, erkläert de Guy Franziskus: "Fir de Verdauungsapparat soss kënne se eventuell eng Kollik kréien. Hei geet et ganz kloer net ëm de Spaass vum Mënsch, mä ëm de bien-être vum Päerd."

An dësen Zäiten, seet de Guy Franziskus, sinn d'Reitställ gefuerdert: "Natierlech läit d'Organisatioun bei de Reitställ, fir et hinzekréien, dass net ze vill Leit mateneen op der Plaz sinn an dass och deen néidegen Ofstand agehale gëtt."

Fir d'Reitsport-Federatioun ass et wichteg ze soen, dass d'Leit hir Päerd an dëse Wochen net solle vergiessen.

"Gitt bei är Päerd. Reit se esou gutt wéi et geet, versuergt se duerno och esou gutt wéi et geet. An duerno nees séier heem an haalt iech un d'Recommandatiounen, déi de Premier eis ginn huet.", esou nach de Guy Franziskus.

Alleguerten d'Recommandatiounen, déi d'Reitsport-Federatioun zesumme mat der Veterinärsinspektioun ausgeschafft huet, kënnt dir um Site vun der FLSE noliesen.

Back to Top
CIM LOGO