
Nach ni goufen esou vill Ticketen wéi des Kéier verkaf, ronn 1,9 Milliounen Spectateure waren live dobäi. De FIFA-President Gianni Infantino huet vun der beschter Fraen WM vun allen Zäite geschwat, déi och virun der Tëlee ee groussen Succès hat, 2 Milliarde Leit sollen d‘Matcher suivéiert hunn.
De Frae-Futtball ass déi lescht Joren immens gewuess a méi populär ginn.
Der Lëtzebuerger Nationalspillerin Isabel Albert no geet et am Reportage vum Jeff Kettenmeyer drëms, fir Weeër ze fannen och op nationalem Niveau kënnen vun deem „Hype“ ze profitéieren.