
An der Bundesliga, der Serie A an an der Premier League war et den 11. Spilldag. An Italien huet den AC Mailand de Réckstand op Neapel provisoresch verkierzt an Inter Mailand kënnt den internationale Plaze méi no.
De Resumé vun de Matcher aus der Bundesliga fannt Dir hei.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Nottingham - Liverpool 1:0
1:0 Awoniyi (55')
No zwou Victoirë muss Liverpool eng Néierlag astiechen, déi iwwerraschend koum. Bei Nottingham, déi virun der Partie Tabelleleschte waren, koumen d’Reds wuel besser an de Match, konnten hir Chancen awer net notzen. An der zweeter Hallschent war et den Awoniyi, deen d’lescht Saison nach fir Union Berlin Goler geschoss hat, de Gol vum Dag geschoss huet. Liverpool wollt séier zeréckkommen an hat bis zum Schluss Golchancen, mee de Golkipp vun Nottingham stoung ëmmer am Wee.
Manchester City - Brighton & Hove Albion 3:1
1:0 Haaland (22'), 2:0 Haaland (43', Eelefmeter), 2:1 Trossard (53'), 3:1 De Bruyne (75')
Déi éischt Hallschent huet dem Erling Haaland gehéiert, dee seng Goler Nummer 16 a 17 an dëser Saison geschoss huet. Beim 1:0 huet den Norweeger vun engem Assist vu sengem Golkipp profitéiert. No der Paus huet Brighton duerch den 1:2 nach eng Kéier kuerz gehofft, mee den De Bruyne huet an der 75. Minutt mat engem flotte Schoss alles kloer gemaach. D’Skyblues bleiwen no dëser Victoire Zweeten an der Tabell, Brighton läit eng Plaz hannert d’Liverpool op Plaz 8.
Chelsea - Manchester United 1:1
1:0 Jorginho (87'), 1:1 Casemiro (90'+4)
Et war net den héichklassege Match, dee vill Leit sech erwaart haten. ManU hat an der éischter Hallschent wuel déi besser Chancen, konnt se awer net a Goler ëmmënzen. Bis an d’Schlussphas eran hu béid Ekippe sech gréisstendeels neutraliséiert. Du krut Chelsea awer en Eelefmeter zougesprach, deen de Jorginho verwandele konnt. An der Nospillzäit huet de Casemiro no enger Flank per Kappball nach zum verdéngten Ausgläich eragesat.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AC Mailand - Monza 4:1
1:0 Diaz (16'), 2:0 Diaz (41'), 3:0 Origi (65'), 3:1 Ranocchia (70'), 4:1 Leao Rafael (84')
Mailand konnt sech souverän géint Monza duerchsetzen. An der éischter Hallschent huet de Spuenier Diaz zwee Goler geschoss, mee Monza huet sech net verstoppt a sech och Golchancen erausgespillt. Et huet geschéngt, wéi wann de Match nom Gol vum Origi gelaf wär, mee Monza huet den Éieregol geschoss, sou dass den AC bis zum Schluss geféierlech bliwwen ass an de Match duerch de Gol vum Leao Rafael entscheet huet. Mailand ass elo provisoresch punktgläich mam Leader Neapel.
Florenz - Inter Mailand 3:4
0:1 Barella (2'), 0:2 Martinez (15'), 1:2 Arthur Cabral (33', Eelefmeter), 2:2 Ikoné (60'), 2:3 Martinez (73', Eelefmeter), 3:3 Jovic (90'), 3:4 Mkhitaryan (90'+5)
An engem rasante Match, an deem net manner wéi 7 Goler gefall sinn, hat Inter Mailand de bessere Start a louch fréi mat 2:0 a Féierung. Nodeems Florenz duerch de VAR en Eelefmeter zougesprach krut, war de Match nees lancéiert an d’Heemekipp konnt souguer ausgläichen. Op der anerer Säit konnten d’Nerazurri en Eelefmeter verwandelen, mee Florenz sollt nach virun der Nospillzäit nees den Ausgläich markéieren. An der Nospillzäit goung et héich hier, well Florenz sech beim 4:3 fir Mailand vum Arbitter benodeelegt gefillt huet. Inter Mailand spréngt an der Tabell viru Juventus Turin op Plaz 7.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Montpellier - Lyon 1:2
0:1 Aouar (33'), 1:1 Wahi (70'), 1:2 Lacazette (90')
Déi éischt 30 Minutte ware vu ville Foulspiller gepräägt, éier Lyon den éischte Gol geschoss huet. Kuerz no der Paus hat Montpellier d’Méiglechkeet op den Ausgläich, dee sollt awer an der 70. Minutt falen. Duerno gouf et bannent dräi Minutten zwou Rout Kaarten, op béide Säiten eng. An de leschte Minutte konnt Lyon duerch de Lacazette nach den decisive Gol schéissen. Olympique Lyon klëmmt mat dëser Victoire an der Tabell op Plaz 8 a kënnt den internationale Plaze méi no.
Marseille - Lens 0:1
0:1 Pereira da Costa (78')
Am Spëtzematch vum 12. Spilldag huet Lens sech zu Marseille duerchgesat an ass elo Zweeten an der Tabell. Marseille bleift op Plaz 4 a verléiert sou lues den Uschloss op de Leader Paräis.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Real Madrid - FC Sevilla 3:1
1:0 Modric (5'), 1:1 Lamela (54'), 2:1 Vazquez (79'), 3:1 Fede Valverde (81')
Nodeems Real Madrid fréi duerch e Feeler an der Defense a Féierung goung, huet d’Ekipp vum Carlo Ancelotti de Match gutt geréiert. No der Paus awer koum Sevilla zeréck a Real huet zeréck an de Match musse fannen. Duerch zwee spéit Goler konnten déi Kinneklech de Match zu hire Gonschten dréinen an hu provisoresch dräi Punkten Avance op Barcelona, déi op der zweeter Plaz stinn.