BundesligaDortmund iwwerrennt Stuttgart, FCB gewënnt zu Hoffenheim

RTL Lëtzebuerg
Augsburg verléiert a leschter Minutt zwee Punkte géint Leipzig. Freiburg gewënnt ouni ze glänze géint Bremen a Leverkusen deelt mat Wolfsburg d'Punkten.
© AFP

Borussia Dortmund huet no zwou more Leeschtungen de VfB Stuttgart mat 5:0 heemgeschéckt. An der zweeter Minutt hat den Jude Bellingham déi Schwaarz-Giel a Féierung bruecht, zéng Minutten duerno huet de Süle no engem Fräistouss op 2:0 gesat. Och duerno huet Dortmund no vir gespillt a konnt virun der Paus nach op 3:0 setzen. No der Paus huet de BVB säi Match weider duerchgezunn a konnt bis zum Schluss nach op 5:0 erhéijen. Fir Stuttgart war et no der Entloossung vum Pellegrino Matterazzo net den erhoffte Knuet, deen opgoung.

Augsburg a Leipzig trenne sech no enger rasanter Schlussphas 3:3, obwuel Augsburg laang wéi de Gewënner ausgesinn huet. Augsburg huet an der éischter Hallschent méi an de Match investéiert a konnt duerch en Eelefmeter vum Berisha mat 1:0 an d’Paus goen, obwuel och Leipzig seng Chancen hat. Kuerz nom Säitewiessel sollt der Heemekipp den zweete Gol geléngen an de Vargas konnt 10 Minutte méi spéit nach een drop setzen. Nodeems Augsburg ee Spiller manner um Terrain hat, koum Leipzig zu méi Golchancen an huet bannent 20 Minutten dräi Goler geschoss.

Bayern München huet zu Hoffenheim näischt ubrenne gelooss an 2:0 gewonnen. Duerch eng konzentréiert éischt Hallschent, an där de Musiala an de Choupo-Moting fir de Rekordmeeschter getraff hunn, war den FCB scho fréi op der Gewënnerstrooss. Hoffenheim koum eréischt nom 0:2 richteg an de Match an huet sech an der zweeter Hallschent déi eng oder aner gutt Chance erausgespillt. D’Bayern hunn de Match awer bis zum Schluss sécher geréiert.

Freiburg kann déi kloer Néierlag zu München gutt fortstiechen a gewënnt mat 2:0 géint Bremen. D’Partie hat fir d’Gäscht ganz schlecht ugefaangen, well de Friedl no 14 Minutte mat Rout vum Terrain gesat gouf. Freiburg hat an der éischter Hallschent Probleemer sech Golchancen erauszespillen, sou dass et bis zur 56. Minutt gedauert huet, bis de Kübler d’Ekipp vum Christian Streich a Féierung geschoss huet. Bremen hat weider keng Aktiounen no vir a krut an der 80. Minutt en Eelefmeter géint sech, deen de Grifo zum 2:0 fir Freiburg eragesat huet.

Leverkusen a Wolfsburg spillen 2:2 gläich. Quasi mat der éischter Golaktioun krut Leverkusen en Eelefmeter zougesprach, deen den Diaby laanscht gesat huet. Kuerz duerno huet hien et besser gemaach an den 1:0 markéiert. Wolfsburg konnt an der 28. Minutt duerch en Eegegol vum Andrich ausgläichen, hat bis dohin awer net vill Aktiounen am Strofraum. No der Paus huet den Arnold en Eelefmeter fir Wolfsburg zum 2:1 verwandelt. Leverkusen huet sech weider Chancen erausgespillt a konnt an der 76. Minutt ausgläichen.

Am Owesmatch gewënnt Frankfurt3:1 zu Gladbach. Schonn an der éischter Hallschent hunn d’Gäscht no zwee Goler vum Lindström an engem vum Dina Ebimbe wéi de klore Gewënner ausgesinn. Gladbach huet déi éischt 45 Minutten ze vill Feeler produzéiert. Frankfurt huet weider gedréckt, mee konnt kee weidere Gol schéissen. Den Thuram huet fir Gladbach nach den Éieregol markéiert. Kuriéis war, dass de Match wéinst technesche Probleemer mat der Spidercam kuerzzäiteg huet mussen ënnerbrach ginn.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO