FechtenWeltverband hieft Suspendéierung vum Charlan op

RTL Lëtzebuerg
D'Charlan hat en Donneschdeg no hirem Gefecht géint d'Russin Smirnowa drop verzicht, fir hir d'Hand ze ginn, a war dowéinst disqualifizéiert ginn.
D'Charlan kann an der Team-Competitioun untrieden.
D’Charlan kann an der Team-Competitioun untrieden.
© AFP

De Fecht-Weltverband FIE huet d’Suspendéierung vun der Ukrainerin Olha Charlan bei der WM zu Mailand opgehuewen. Domadder kann d’Olympiagewënnerin vun 2008 e Samschdeg bei der Team-Competitioun un de Start goen. D’FIE huet donieft hir ëmstridde Reegel geännert, sou datt den Handschlag no engem Gefecht net méi verflichtend ass. Dat huet de Bruno Gares, Member vum FIE-Exekutivcomité, op enger Pressekonferenz matgedeelt.

D’Charlan hat en Donneschdeg no hirem Gefecht géint d’Russin Anna Smirnowa op den Handschlag verzicht a war doropshin disqualifizéiert ginn. Den IOC hat schonn e puer Stonnen nom Eclat déi international Sportverbänn opgefuerdert, sensibel mat Dueller tëscht Athleetinnen an Athleeten aus der Ukrain an aus Russland ëmzegoen.

Den IOC-President Thomas Bach hat dem Charlan e Freideg eng Startplaz-Garantie fir d’Olympesch Spiller 2024 zu Paräis ginn. Déi véierfach Eenzel-Weltmeeschterin géif eng zousätzlech Quoteplaz kréien, sollt si sech net sportlech qualifizéieren.

RTL-Artikel: Krich an der Ukrain och am Sport Fechten: Ukrainerin disqualifizéiert, well si Russin Handschlag verweigert

PDF: Gemeinsamt Schreiwes vun de BeNeLux-Fecht-Federatiounen

Back to Top
CIM LOGO