DFB-PokalWerder Bremen a Greuther Fürth iwwerraschend eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
Bremen gëtt vum VfL Osnabrück aus dem Pokal geheit a Greuther Fürth verléiert am 11m-Schéissen géint den SV Babelsberg 03 aus der Regionalliga.
© AFP-Archiv

Nodeems sech e Freideg schonn Dresden an 1860 München fir déi 2. Ronn am däitschen DFB-Pokal qualifizéiert hunn, war et e Samschdeg d’Suite.

Iwwerraschenden Out fir Werder Bremen, déi sech géint de VfL Osnabrück aus der 3. Liga hu musse geschloe ginn. D’Osnabrücker wannen duerch Goal vum Trapp an der 44. Minutt a vum Köhler an der 95. Minutt mat 2:0.

Och fir de Bundesligist Greuther Fürth ass den DFB-Pokal schonn eriwwer, dëst no enger Néierlag géint de Regionalligist SV Babelsberg 03. No der regulärer Spillzäit stoung et 2:2. Et goung an d’Verlängerung an duerno an d'11m-Schéissen. Hei behält Babelsberg d’Iwwerhand an eliminéiert de Veräin aus der 1. Bundesliga.

Eng Ronn weider sinn donieft nach ënnert anerem den Titelverdeedeger Borussia Dortmund, Bayer Leverkusen, RB Leipzig, Hannover 96 an de VfB Stuttgart.

Den Iwwerbléck vun de Resultater um Samschdeg

Lok Leipzig (Regionalliga Nordost) - Bayer Leverkusen ( Bundesliga) 0:3

Sandhausen (2. Bundesliga) - Leizpig (Bundesliga) 0:4

Bayreuth (Regionalliga Bayern) - Arminia Bielefeld (Bundesliga) 3:6

Greifswalder FC - Augsburg (Bundesliga) 2:4

VfL Osnabrück (3. Liga) - Werder Bremen (2. Bundesliga) 2:0

Eintracht Norderstedt (Regionalliga Nord) - Hannover 96 (2. Bundesliga) 0:4

BFC Dynamo (Regionalliga Nordost) - Stuttgart (Bundesliga) 0:6

Flensburg 03 (Regionalliga Nord) - Holstein Kiel (2. Bundesliga) 2:4(no Verlängerung)

Wuppertaler SV (Regionalliga West) - VfL Bochum (Bundesliga) 1:2 (no Verlängerung)

Ulm - Nürnberg (2. Bundesliga) 0:1

Magdeburg (3. Liga) - St. Pauli (2. Bundesliga) 2:3

Babelsberg (Regionalliga Nordost) - Greuther Fürth (Bundesliga) 5:4 (no 11m-Schéissen)

Wehen Wiesbaden (3. Liga) - Borussia Dortmund (Bundesliga) 0:3

Back to Top
CIM LOGO