
TSV 1860 München - SV Darmstadt 98 (1:1 a 5:4 no 11m)
An der 1. Hallschent war et en ausgeglachene Match. Béid Ekippe konnte sech Chancen erausspillen, ma eréischt an der 2. Hallschent si Goler gefall. An der 75. Minutt ass et den 1:0 fir TSV 1860 München aus der 3. Liga, duerch de Steinhart. Dee Gol war wéinst enger Abseitspositioun awer net ganz onëmstridden. Et gëtt kee Videobeweis an der 1. Ronn vum DFP-Pokal, deemno blouf et beim 1:0, dat allerdéngs net fir laang. Nëmme 5 Minutten drop konnt Darmstadt duerch den L. Pfeiffer ausgläichen. No 90 Minutte war nach kee Gewënner fonnt an et ass an d’Verlängerung gaangen.
2 x 15 Minutte goufe gespillt... an et ass kee Gol gefall, wouduerch d’Decisioun dunn am Eelefmeterschéisse fale sollt.
Op Säite vun de Münchener hunn déi 5 Spiller hiren 11 Meter all verwandelt. Bei Darmstadt hat de Patric Pfeiffer deen 1. verschoss. Doduerch geet d’Victoire um Enn un 1860 München.
Dynamo Dresden - SC Paderborn 07 (2:1)
Am Match tëscht den 2 Veräiner aus der 2. Bundesliga stoung et um Enn 2:1 vir Dresden. Si waren an der 54. Minutt duerch e Gol vum Knipping a Féierung gaangen. Nëmme 6 Minutten drop konnt de Michel fir Paderborn ausgläichen. Et huet bis an déi 88. Minutt gedauert, bis de Kade konnt den decisiven 2:1 fir Dynamo Dresden schéissen. Domat steet Dresden an der 2. Ronn vum DFB-Pokal.
E Samschdeg geet et da weider an der 1. Ronn vum DFB-Pokal, mat ënnert anerem de Matcher VfL Osnabrück géint Werder Bremen oder SV Wehen Wiesbaden géint Borussia Dortmund.