
Och an der Bundesliga ass e Samschdeg gespillt ginn, ënner anerem gouf et d’Partie tëscht Dortmund a Bayern München. All d’Resultater fannt Dir hei.
West Ham United - Chelsea 3:2
0:1 Silva (29’), 1:1 Lanzini (40’, Eelefmeter), 1:2 Mount (44’), 2:2 Bowen (56’), 3:2 Masuaku (87’)
An der Premier League huet West Ham United iwwerraschend de Leader Chelsea an engem spannende Match geklappt. Nodeems d’Ekipp vum Thomas Tuchel an der Hallschent nach mat 1:2 a Féierung louch an iwwerleeë war, konnten d’"Hammers” de Match an den zweete 45 Minutten duerch ee spéiden a kuriose Gol vum Masuaku dréinen. Fir Chelsea ass dat eng batter Néierlag an der Course ëm de Championstitel, wärend West Ham United déi 4. Plaz festegt.
Wolverhampton Wanderers - Liverpool 0:1
0:1 Origi (90+4’)
Laang huet et dono ausgesinn, wéi wa Liverpool seng Dominanz net mat Goler beloune kann. D’"Reds” hu sech géint eng gutt organiséiert Defense vun de “Wolves” schwéier gedoen, gutt Chancen erauszespillen. An der Nospillzäit konnt den agewiesselten Origi awer du mat engem schéine Schoss fir d’Entscheedung suergen, woumat Liverpool elo ee Punkt virun Chelsea läit.
Watford - Manchester City 1:3
0:1 Sterling (4’), 0:2 Silva (31’), 0:3 Silva (63’), 1:3 Hernandez (74’)
De Watford-Trainer Claudio Ranieri hat virdrun nach ni e Match géint Manchester City verluer a souguer 8 vun 9 Matcher géint d’"Sky Blues” gewonnen. Dat sollt sech haut awer änneren. D’Ekipp vum Pep Guardiola war vun Ufank un dominant an huet zu kengem Zäitpunkt d’Fro opkomme gelooss, wien als Gewënner vum Terrain géing goen. Duerch d’Defaite vun Chelsea iwwerhëlt Manchester City d’Tabelleféierung an der Premier League, Liverpool läit ee Punkt hannendrun.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AC Milan - Salernitana 2:0
1:0 Kessié (5’), 2:0 Saelemaekers (18’)
Roma - Inter 0:3
0:1 Calhanoglu (15’), 0:2 Dzeko (24’), 0:3 Dumfries (39’)
D’Roma verléiert iwwerraschend däitlech doheem géint Inter Mailand. Virun allem an der éischter Hallschent war d’Ekipp vum José Mourinho net op der Héicht an déi bescht Offensiv aus der Liga huet dräimol äiskal zougeschloen. Spéitstens nom Gol vum Dumfries war de Match du gelaf an d’"Nerazzurri” hunn de Match sécher op en Enn bruecht. D’Ekipp vum Simone Inzaghi kënnt domat un ee Punkt un den AC Mailand erun, wärend d’Roma elo endgülteg den Uschloss un d’Spëtzegrupp verluer huet.
Napoli - Atalanta 2:3
0:1 Malinovsky (7’), 1:1 Zielinski (40’), 2:1 Mertens (47’), 2:2 Demiral (66’), 2:3 Freuler (71’)
Duerch dës Néierlag vun Neapel réckelt de Spëtzegrupp an der Serie A nees méi no zesummen, aktuellen Tabelleleader ass AC Mailand, mat engem Punkt virun Inter an zwee virun Neapel.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Lille - Troyes 2:1
0:1 Dingome (6’), 1:1 David (48’), 2:1 Giraudon (85’, Selbstgol)
Lens - Paris Saint-Germain 1:1
1:0 Seko Fofana (62’), 1:1 Wijnaldum (90+2’)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Sevilla - Villarreal 1:0
1:0 Ocampos (16’)
Barcelona - Real Betis 0:1
0:1 Juanmi (79’)
Domat muss Barcelona déi éischt Néierlag ënnert dem neien Trainer Xavi astiechen. An engem fir laang Zäit taktesch gepräägte Match ouni geféierlech Aktiounen konnt de Juanmi no engem Konter den eenzege Gol markéieren. Barcelona bleift domat mat 23 Punkten op der 7. Plaz, wärend Real Betis op déi 4. Plaz an der Tabell spréngt.
Atletico Madrid - Mallorca 1:2
1:0 Cunha (68’), 1:1 Russo (80’), 1:2 Kubo (90+1’)
Den Opsteiger vun der Insel iwwerrascht den aktuelle Champion a wënnt an der Nospillzäit géint d’"Rojiblancos”, déi bei engem Konter net méi nokoumen. D’Ekipp vum Diego Simeone huet domat elo schonn e Retard vu 7 Punkten op d’Tabellespëtzt.
Real Sociedad - Real Madrid 0:2
0:1 Vinicius Junior (47’), 0:2 Jovic (57’)
D’Madrilene sinn aktuell an exzellenter Form an net ze stoppen, soudass si och Real Sociedad souverän klappen. Domat baut dem Carlo Ancelotti seng Ekipp de Virsprong un der Tabellespëtzt op 8 Punkten aus.