FuttballWiessel vum Neymar vum PSG bei Al-Hilal soll kuerz bevirstoen

RTL Lëtzebuerg
De Club huet am Summer schonn de Brasilianer Malcom (60 Milliounen Euro) an de Portugis Ruben Neves (55 Milliounen Euro) ënner Kontrakt geholl.

Da war et och de Versuch, fir de Fransous Kylian Mbappé a Saudi-Arabien ze lackelen, dat mat enger Monster-Offer vun 300 Milliounen Euro. Déi huet awer net hir Friichte gedroen.

Elo ass et dann den Neymar, deen am Fokus vun Al-Hilal steet. De Brasilianer huet nach e Kontrakt beim PSG, ma souwuel franséisch Medien, wéi och den Transferexpert Fabrizio Romano schreiwen, dass den Neymar kuerz virun enger Ënnerschrëft bei Al-Hilal steet. Et soll wuel ëm en 2-Joreskontrakt goen, bei deem den Neymar 160 Milliounen Euro verdénge soll. Fir de PSG steet wuel eng Transferzomm vun ëm 100 Milliounen Euro am Raum.

Wéi de Fabrizio Romano kuerz no 12 Auer op “X” schreift, wiere sech all d’Parteien eens. De Neymar géif den Trikot mat der Nummer 10 kréien. De Medezincheck soll dann och nach dëse Méindeg iwwert d’Bün goen.

Wann den Neymar an déi saudesch Liga wiesselt, trëfft hien do op Spiller wéi Cristiano Ronaldo, Sadio Mané, Karim Benzema, Jordan Henderson, oder N’Golo Kante.

Back to Top
CIM LOGO