Drëtt Hallschent, de Sport-TalkYves Picard

Franky Hippert
Dës Woch ass de President vun der Associatioun vun de Sportsproffen Invité am Podcast "Drëtt Hallschent, de Sport-Talk".

De President vun der Associatioun vun de Sportsproffen huet eis seng Erfarunge vum Terrain erzielt, wou verschidde Schüler erstaunt waren, wéi si bei engem Effort op eemol geschweesst hunn, oder bemierkt hunn, datt hiert Häerz schléit. Et ass awer och d‘Feststellung, datt ëmmer méi Jonker richteg Schwieregkeeten hunn, verschidde banal Übungen oder Efforten ze maachen. An enger Klass vun 20 Schüler sinn der ronn 15, déi wéineg bis guer net sportlech sinn, dat si 75%. Virun e puer Joer war dat Verhältnis nach en anert. Fir de studéierte Sportsproff ass et extrem wichteg, datt déi Leit, déi de Sport am Fondamental halen eng richteg gutt Formatioun fir de Sport an d‘Beweegung hunn. Déi aktuell Formatioun vun den Enseignante géif do awer net duergoen. Den Yves Picard huet awer och ëmmer selwer vill Sport gemaach an huet an der Futtball-Nationaldivisioun ënnert anerem zu Beggen gespillt. Als Matspiller hat hien deemools esou Leit wéi Carlo Weis, Luc Holtz asw. u senger Säit, ma virun allem waren et awer och onvergiesslech Momenter mam Clements Mich als Trainer.

Dës Woch ass de President vun der Associatioun vun de Sportsproffen Invité am Podcast “Drëtt Hallschent, de Sport-Talk”.

Back to Top
CIM LOGO