Nach bis e Sonndeg ass den Elittesportler zu Lëtzebuerg. Duerno geet et zeréck op Bordeaux. An der Stad no um Atlantik trainéiert den Diddelenger zanter 2016. Am Waasser ze sinn a Competitioune kënnen ze schwammen, feelt dem Julien am meeschten. An des Coursse wären esou wichteg.
All zwou Woche Courssen, Stagen a mam Fliger sech ze deplacéieren... Dëst ass zanter 10 Méint net méi de Fall. Fir d’Olympesch Summerspiller zu Tokyo wëll de Crawl-Spezialist sech qualifizéieren. Dofir feelen him aktuell nach 68 Honnertstel. 6 Méint bleiwen him nach, fir dëst Zil z’areechen.
Wärend dem Confinement ass de Julien Henx geplënnert. Do dernieft huet hien en neien Hobby entdeckt: Batterie spillen. Hei kann de Schwëmmer ofschalten a seng Gedanke sortéieren.
Nëmmen op der Batterie spillen oder doheem ofhänken, kënnt fir de Sportzaldot net an d’Tut. 6 Mol an der Woch geet et och an de Fitness. Nieft dem Schwammen ass de Muskelopbau och wichteg.
Nieft den Olympesche Summerspiller ass d’Schwamm-EM zu Budapest am Mee d’nächst Joer e weidert grouss Zil vum Julien Henx. Bis 2025 ass de Julien an der Sportsektioun vun der Arméi. D’Participatioun un den Olympesche Summerspiller zu Paräis am Joer 2024 ass dem Schwëmmer säi grousst Zil.