
Jimmy Kimmel, Kanye West, Snoop Dogg, Michael Jordan oder Shaquille O'Neal... D'Lëscht mat de bekannte Persounen, déi op der Trauerfeier dobäi waren, respektiv hei eng Ried gehalen hu war grouss.
Grad d'Aussoe vun den zwee Basket-Stare Michael Jordan a Shaquille O'Neal hu fir vill Tréinen, ma och fir dat eent oder anert Laache gesuergt.
Wéi d'Fra vum verstuerwene Basket-Spiller Vanessa Bryant op de Podium koum, sinn déi 20.000 Leit am Staples Center opgespaanten. Ënner Tréinen huet si iwwert hire Mann awer och hir verstuerwen Duechter Gianna geschwat.
"Och elo si mer nach e gutt Team. Du pass elo op d'Gianna op an ech op Nani, Bibi a Coco."
17 Joer waren d'Vanessa an de Kobe zesummen, eng Koppel. "Hie war de beschte Mann an den MVP vun de Pappen". D'Trauer war grouss an d'Erënnerungen nach frësch. "Ni méi wäert ech d'Gigi mat sengem Papp gesinn danzen. Ni wäerte mer gesinn, wéi hat a seng Schwëster Natalia zesummen an de Lycéee ginn ech ech wäert him net um Dag vun senger Hochzäit kënne soen, wéi schéin hat ausgesäit."
GiGi, also Gianna Bryant, huet selwer Basket gespillt a wéi säi Papp huet hat e risegt Talent gehat. Säi grousst Zil, fir an der WNBA ze spillen, wäert elo ni wouer ginn. An dobäi "hätt hat kënnen en enormen Ënnerscheet am Frae-Basket maachen. Hat hat sech an de Kapp gesat, fir déi Spillerin ze sinn, déi der Welt e ganz neie Bléckwénkel op den Dammesport wäert ginn".
De 24.02 gouf net fir näischt als Datum fir dës Trauerfeier erausgesicht. De Kobe huet de Gros vu senger Karriär bei de Lakers mat der 24 gespillt, d'Gianna hat um Réck ëmmer d'Nummer 2.
LINK: Weider Detailer och vun der Ried vum Jordan an O'Neil op RTL 5 Minutes