
Iwwer fënnef Deeg ass den 81. Škoda Tour de Luxembourg gefuer ginn. 17 Ekippen, 102 Coureuren, ronn 700 Kilometer Parcours an um Enn huet den Davide Piganzoli gewonnen. Exzellent Reklamm fir de Vëlossport a fir de Grand-Duché.
Kuckt hei de komplette Resumé vum Tour:
Direkt e puer Highlights huet dëst Joer de Mathieu van der Poel geliwwert. Den 31 Joer alen Hollänner hat um Enn vun der éischter Etapp, aus Clausen erop op de Fëschmaart, déi beschte Been. Sensationell war seng Prestatioun um leschten Dag. De van der Poel war déi 177 Kilometer tëscht Miersch an dem Lampertsbierg eleng vir ewech gefuer an hat déi lescht Etapp en solitaire fir sech decidéiert.
En Exploit, deen och der internationaler Press net entgaangen ass:
TNT Sports aus Groussbritannien hu sech virum MVDP verneigt:
Déi gréissten hollännesch Dageszeitung De Telegraaf huet den Nationaltrainer Koos Moerenhout zitéiert, de van der Poel hätt sech "ëm d'Saach gekëmmert":
Och dem Hollänner seng Ekipp Alpecin Cycling huet déi aussergewéinlech Leeschtung op de Soziale Medie gewierdegt:
Och wann et um Enn "just" déi 19. Plaz am General war: D'WM zu Montreal ka komme fir de Mathieu van der Poel, dee sech duerch seng laang Echappée d'Trikote vum beschte Sprinter a vum beschte Grimpeur séchere konnt.
Hei nach emol d'Schlussklassement vum 81. Škoda Tour de Luxembourg, un deem aacht Lëtzebuerger Coureuren deelgeholl hunn. Sechs dovun hu sech um Enn klasséiert: