
Op der 2. Etapp vun der 86. Editioun vum Škoda Tour de Luxembourg goung et fir d'Coureuren en Donneschdeg iwwer knapp 167 Kilometer vun Déifferdeng/Nidderkuer op Jonglënster. Et war eng relativ flaach Etapp, déi de Sprinter zegutt koum, a sou konnt den Hollänner Marijn van den Berg sech op der Arrivée zu Jonglënster am Massesprint behaapten. Komplettéiert gouf de Podium vum Däitschen Timo Kielich an dem Fransous Pierre Gautherat. De Mathieu van der Poel ass de 5. ginn an domat net an d'Bonifikatioune gefuer.
Beschte Lëtzebuerger gouf en Donneschdeg de Mathieu Kockelmann, dee sech am Sprint als 10. klasséiert huet. De Mats Berns war iwwer 100 Kilometer an der Echappée mat dobäi a gouf ronn 20 Kilometer viru Schluss agefaangen. De Luc Wirtgen ass am Sprint de 24. ginn, fir den Arno Wallenborn war et déi 36. Plaz.
Am General iwwerhëlt de van den Berg mat dëser Etappevictoire och d'Féierung. De Coureur vun EF Education - EasyPost huet elo eng Avance vu 4 Sekonnen op de Pierre Gautherat an op säi Landsmann Mathieu van der Poel.
Vun Nidderkuer aus ass et fir d'Coureuren a Richtung Musel op d'Wuermer Mauer gaangen, ier et op Iechternach eropgoung a vun do dann iwwer Bäerdref a Waldbëlleg op e Circuit ronderëm Jonglënster. Eng Echappée aus 5 Coureuren, an där de Mats Berns mat dobäi war, hat sech fréi ofgesat a konnt sech eng Avance vu ronn 2 Minutten op de Peloton erausfueren. Den 20 Joer jonke Lëtzebuerger, deen am Tricot vun der Nationalekipp fiert, konnt och de Sprint zu Leideleng ronn 30 Kilometer nom Depart fir sech entscheeden.
Den Ecart vu knapp 2 Minutten ass och op de Montéeën vu Bäerdref a vu Waldbëlleg just liicht méi kleng ginn, soudass de Peloton beim éischte vun dräi Passagen iwwer d'Zillinn zu Jonglënster nach ëmmer annerhallef Minutt Retard hat. 2 Tier an deemno 26 Kilometer waren deen Ament nach um Circuit ze fueren.
Duerno gouf den Tempo am Peloton allerdéngs ferm ugezunn, soudass 10 Kilometer viru Schluss déi lescht 2 Coureuren aus der Echappée agefaange goufen. Duerch d'Acceleratioune gouf et virdrun eng ganz Partie Cassuren am Peloton a souguer de Maillot Jaune van der Poel hat kuerz de Kontakt mam éischten Deel verluer, wouropshin hien d'Lach selwer zoufuere misst.
Op de leschte Kilometer hunn ëmmer nees Coureuren attackéiert, fir ze verhënneren, dass d'Etapp am Massesprint decidéiert gëtt. De Søren Kragh Andersen an de Mattéo Vercher konnte sech ofsetzen an eng Avance vu 15 Sekonnen erausfueren, ee Kilometer virun der Arrivée goufen och si awer agefaangen. Am laange Schlusssprint war et dunn de Marijn van den Berg, deen déi beschte Been hat a fir eng weider hollännesch Etappevictoire suerge konnt.
Weider Impressioune vum Škoda Tour de Luxembourg fannt Dir an eisem Dossier op RTL.lu.