Škoda Tour de Luxembourg: 1. EtappMathieu van der Poel wënnt éischt Etapp, Arno Wallenborn op Plaz 20 ukomm

Tom Nols
Iwwer 157 Kilometer goung et vum Knuedler zréck op de Fëschmaart an der Stad. 8 Lëtzebuerger Coureure sinn dëst Joer dobäi.
De Mathieu van der Poel als Gewënner vun der 1. Etapp um Podium.
De Mathieu van der Poel als Gewënner vun der 1. Etapp um Podium.
© Roland Miny - pressphoto.lu

De Mathieu van der Poel huet déi éischt Etapp vum Škoda Tour de Luxembourg gewonnen. D'Montée vu Clausen erop war den Hollänner um Enn dee Stäerksten. Op déi zweet Plaz ass de Pierre Gautherat gefuer, virum Marijn van den Berg. Beschte Lëtzebuerger op Plaz 20 gouf den Arno Wallenborn. Den Alexandre Kess koum als 26. un, fir de Mathieu Kockelmann war et déi 38. Plaz. De Luc Wirtgen huet sech als 49. klasséiert, eng Plaz virum Larry Valvasori. De Mats Berns gouf den 88., den Noé Ury koum op Plaz 94 an de Loïc Bettendorff op der 96. Plaz un.

D'Bonifikatioune mat agerechent ass de Mathieu van der Poel och den éischte Leader am General. Hien huet 4 Sekonnen Avance op de Gautherat a 6 op de van den Berg.

Škoda Tour de Luxembourg: 1. Etapp - de leschte Kilometer
De leschte Kilometer vun der éischter Etapp vum Škoda Tour de Luxembourg am Replay.

Um 14:45 Auer war et an der Stad um Knuedler de Startschoss vum Škoda Tour de Luxembourg 2026. Um Parcours agebaut ware Schwieregkeete wéi den Niklosbierg, d'Montée laanscht d'Buerschter Schlass, Eschduerf erop a kuerz viru Schluss nach de Stafelter. Mëtt der Course haten zwee Coureuren, de Malte Hellerup an de Fabio Costa, eng Avance vu gutt 4 Minutten erausgefuer. Si waren aus engem Grupp vu 6 Leit iwwreg bliwwen, déi sech méi fréi an der Etapp ofgesat haten.

Ronn 12 Kilometer viru Schluss war mam Hellerup dunn och dee leschte vun der Echappée agefaangen, éier et an de Stafelter eragoung. De Mathieu van der Poel sollt do attackéieren an de Peloton ausernee zéien. Just den Däitschen Eike Behrens konnt dem hollännesche Mat-Favorit op d'Gesamtvictoire säi Rad halen. Wéi nach 4 Kilometer ze fuere waren, goung dee Versuch vun enger Echappée och op en Enn.

Soudal Quik Step a Lidl Trek ware virop, wéi sech fir déi lescht Schwieregkeet positionéiert gouf. Am Spëtzegrupp waren och d'Lëtzebuerger Alexandre Kess, Arno Wallenborn a Matieu Kockelmann dran. Um leschte Kilometer goung et d'Montée vu Clausen erop op de Fëschmaart.

Andréck vum Škoda Tour de Luxembourg 2026

Weider Impressioune vum Škoda Tour de Luxembourg fannt Dir an eisem Dossier op RTL.lu.


Resultater


Liest och nach:

Back to Top
CIM LOGO