Leschten Dag Škoda Tour de LuxembourgWéini sinn haut wou wéi eng Stroosse gespaart?

Tom Nols
Haut gëtt déi lescht Etapp vum Škoda Tour de Luxembourg gefuer. Wou wéini mat Problemer am Trafic ze rechnen ass, liest Dir hei.
Haut Sonndeg ass no fënnef Deeg Course d'Arrivée um Lampertsbierg.
© Roland Miny - pressphoto

Déi fënneft a lescht Etapp vum Škoda Tour de Luxembourg wäert iwwer 177 Kilometer vu Miersch op de Lampertsbierg goen. Nom Depart um 12:15 Auer geet et iwwer Noumer, Gilsdref, Branebuerg, Wuelessen, Kautebaach, Donkels, Kietscht, Réiden, Sëll, Katrewang an d'Biergerkräiz op de Circuit ronderëm de Lampertsbierg, wou nom drëtten Tour, kuerz viru 17 Auer, de leschten Etappegewënner virun der Victor-Hugo-Hal wäert ermëttelt ginn. Op mersch.lu an op vdl.lu steet alles zu de gespaarte Stroossen.

Fir e Sonndeg ass et dës Info vum ACL:

ACL : 5. Etapp vum Skoda TDL 2026 e Sonndeg, 20.09 mat Depart um 12h15 zu Miersch an Arrivée géint 16h30 um Lampertsbierg. Um Parcours vun 177 km duerch d'Éisleck an de Westen vum Land, muss mat kuerzzäitege Späre resp. Verkéiersbehënnerunge gerechent ginn. Detailer fannt der op www.skodatour.lu (D’Police späert d’Stroossen um Parcours an der Reegel zirka 10 Minutte virun der Arrivée vum éischte Coureur.)

Um ganze Parcours vum Škoda Tour de Luxembourg gëllt generell, dass d'Police de Parcours normalerweis ronn 10 Minutte virun der Arrivée vum éischte Coureur zou mécht, a sou bal de leschte Won vum Tour erduerch ass, ginn d'Stroossen nees opgemaach. Sämtlech Detailer stinn och op RTL.lu am Trafic Info vum ACL an op skodatour.lu .

All d'Etappe gesitt Dir live op RTL Tëlee Lëtzebuerg, jeeweils vu 16:30 Auer un an och um Radio gitt Dir dräimol den Dag gewuer, wéi et aktuell steet an de jeeweilegen Etappen.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO