
E Samschdeg huet de Coureur vu Visma Lease a Bike, de Maillot Jaune Davide Piganzoli déi 4. Etapp, een Zäitfueren iwwer 20 Kilometer zu Ettelbréck, gewonnen. Domat huet den Italieener net nëmmen d'Etapp gewonnen, mee säi Virsprong virun der leschter Etapp e Sonndeg am General och konnte weider ausbauen. Op déi zweete Plaz klasséiert sech mam Andrea Raccagni e weideren Italieener, mat knappen 3 Sekonne Réckstand. De Britt Leo Hayter sollt op déi drëtte Plaz fueren.
Eng ganz gutt Leeschtung huet de Mathieu Kockelmann op de Stroossen vun Ettelbréck gewisen. Mat engem Chrono vun 28.00,69 klasséiert sech de Kockelmann als beschte Lëtzebuerger op der gudder 25. Plaz, 1 Minutt an 11 Sekonnen Retard.
Am General baut den Davide Piganzoli säi Virsprong op seng Konkurrenten aus. Mat 47 Sekonnen steet am General elo den Fransous Matteo Vercher op 47 Sekonnen op der zweeter Plaz. Weider 2 Sekonnen hannendrun steet aktuell den Thomas Gachignard op der drëtter Plaz am General. Beschte Lëtzebuerger am General ass de Arno Wallenborn op der 25. Plaz, 8 Minutten a 27 Sekonnen hannert dem Maillot Jaune.
E Sonndeg sinn d'Coureure fir déi 5. an domat leschten Etapp iwwer 177 Kilometer vu Miersch bis op de Lampertsbierg gefuerdert.
Eng staark Course ass och den Aurélien Paret-Peintre vun Decathlon CMA CGM Team gefuer. Bei der 1. Tëschenzäit louch de Fransous nach op der 2. Plaz, huet am zweeten Deel vun der Stréck awer Zäit verluer a klasséiert sech op der 6. Plaz. De Mathieu van der Poel wäert mat senger Leeschtung sécherlech net ganz zefridde sinn. De Coureur vun Alpecin-Premier Tech fiert mat enger Zäit vun 29.34,85 just op déi 61. Plaz.
Aus Lëtzebuerger Siicht fiert den Arno Wallenborn mat 1 Minutt 50 Retard op déi 41. Plaz. De Luc Wirtgen klasséiert sech mat bal 3 Minutten Réckstand op der 66. Plaz.
De Loic Bettendorf ass e Samschdeg e Chrono vun 29.46,87 gefuer, wat déi 71. Plaz bedeit. Den Alexandre Kess an de Larry Valvasori fueren op d'Plaze 75 a 76. De Mats Berns huet 30.21,40 Minutten gebraucht wat eng 79. Plaz bedeit. Knapp 9 Sekonnen méi lues ass de Noé Ury (30.30,98) gefuer, waat eng 81. Plaz am Zäitfueren bedeit.
Weider Impressioune vum Škoda Tour de Luxembourg fannt Dir an eisem Dossier.
"D'Resultater an de General leien nach net vir"