Škoda Tour de Luxembourg: 3. EtappPepijn Reinderink wënnt Kinneksetapp, Davide Piganzoli neie Leader

Jeff Birsens
E Freideg stoung am Škoda Tour de Luxembourg d'Kinneksetapp um Programm.
© Roland Miny

E Freideg huet de Pepijn Reinderink déi 3. Etapp vum Škoda Tour de Luxembourg gewonnen. Op der Kinneksetapp waren nom Depart zu Wolz vill Héichtemeter ze iwwerwannen, éier den Hollänner no 179,6 Kilometer op der Arrivée zu Dikrech sech mat engem klengen Ecart vun enger Sekonn duerchsetze konnt. Am General ass den Davide Piganzoli duerch seng zweet Plaz zu Dikrech den neie Leader. Hannendrun ass den Thomas Gachignard mat engem Ecart vu sechs Sekonnen neien Zweeten an Drëtten ass de Mattéo Vercher mat 9 Sekonne Retard.

Beschte Lëtzebuerger war e Freideg den Arno Wallenborn, dee mat engem Retard vu 6:27 Minutten deen 31. ginn ass. Direkt hannendrun ass de Larry Valvasory als 32. iwwert d'Arrivée gefuer.

E Samschdeg sinn d'Coureure fir déi 4. Etapp am Zäitfueren zu Ettelbréck gefuerdert.

Škoda Tour de Luxembourg: 3. Etapp – leschte Kilometer am Replay
De Pepijn Reinderink huet d'Kinneksetapp gewonnen

Resumé

Ronn 50 Kilometer viru Schluss huet sech ee gréissere Verfollgergrupp mat zéng Coureuren engem weidere gréissere Grupp mat néng Coureuren un der Spëtzt vun der Course ugeschloss. De Peloton hat zu deem Zäitpunkt ee Retard vun iwwer zwou Minutten a wéinst der héijer Vitess an och wéinst dem schwéiere Parcours ass et net gelongen, de Spëtzegrupp anzehuelen. Net nëmmen am Peloton, ma och fir de Grupp vir ass et da fir déi lescht Kilometer wéi erwaart zu enger Rei Cassurë komm.

Op engem schwierege Circuit war fir de Schluss jiddereen op sech eleng gestallt. Um Enn war et de Pepijn Reinderink, dee sech en decisiven Ecart erausfuere konnt, fir d'Victoire op der Kinneksetapp iwwert d'Zillinn ze bréngen. Hannendru sinn den neie Leader am General Davide Piganzoli an den Thomas Gachignard op de Podium komm.

Andréck vum Škoda Tour de Luxembourg 2026

Weider Impressioune vum Škoda Tour de Luxembourg fannt Dir an eisem Dossier.



Back to Top
CIM LOGO