
Mam Start vum Tour duerch Kolumbien huet de Bob Jungels en Dënschdeg seng Saison offiziell lancéiert. Op der 1. Etapp stoung een Ekippenzäitfueren iwwer 14 Kilometer zu Medellin um Programm. Fir de Lëtzebuerger a seng Co-Equipiere vun Deceuninck-Quick-Step ass um Enn déi zweete Plaz erausgesprongen. Op der Arrivée hate si e Réckstand vun 8 Sekonnen op d’Gewënnerekipp EF Education First mat ënnert anerem dem Rigoberto Uran, dem Daniel Martinez an dem Taylor Phinney.
Am General läit de Rigoberto Uran a Féierung. De Bob Jungels ass de 5. op 8 Sekonnen.
Fir Deceuninck-Quick-Step sinn nieft dem Bob Jungels nach den Alvaro Hodeg, de Julian Alaphilippe, de Petr Vakoc, de Maximiliano Richeze an den Iljo Keisse um Depart.
1 EF EDUCATION FIRST 0:15:06,79
2 DECEUNINCK-QUICK-STEP 0:00:07,65
3 TEAM SKY 0:00:09,38
4 ASTANA PRO TEAM 0:00:21,20
5 UAE TEAM EMIRATES 0:00:34,60
6 TEAM MEDELLIN 0:00:40,14
7 MOVISTAR TEAM 0:00:44,16
8 EPM 0:00:52,00
9 COLDEPORTES BICI STRONGMAN 0:00:52,48
10 TEAM MANZANA POSTOBON 0:00:53,98