Op der schwéierer Biergetapp sinn d’Coureuren 172 Kilometer vu Villarcayo op de Picón Blanco gefuer. Net manner wéi siwe Montéeë stoungen um Programm.
No der knapp 8 Kilometer laanger Schlussmontée huet sech den Eddie Dunbar (Team Jayco-AlUla) duerchgesat. Hien huet an der leschter Montée attackéiert a gouf net méi agefaangen. Hannendru gouf den Enric Mas (Movistar) mat engem Retard vu 7 Sekonnen den Zweeten. De Primoz Roglic (Red Bull-BORA-hansgrohe) hat op der 3. Plaz e Réckstand vun 10 Sekonnen.
Am General bleift de Roglic de Leader. Hien huet säi Virsprong minimal ausgebaut a läit elo knapp iwwer 2 Minutte virum Ben O’Connor (Decathlon AG2R La Mondiale). Den Australier huet just 9 Sekonne Virsprong op de Mas op der 3. Plaz.
Mat engem Eenzelzäitfuere ronderëm Madrid geet um Sonndeg déi 79. Editioun vun der Vuelta op en Enn.
1 Dunbar Edward Team Jayco-AlUla 04:38:37
2 Mas Enric Movistar Team + 07
3 Roglic Primoz Red Bull-BORA-hansgrohe + 10
4 Carapaz Richard EF Education-EasyPost + 12
5 Berrade Urko Equipo Kern Pharma + 14
6 O’Connor Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team + 14
7 Gaudu David Groupama-FDJ + 21
8 Landa Mikel Soudal Quick-Step + 23
9 Lipowitz Florian Red Bull-BORA-hansgrohe + 37
10 Skjelmose Mattias Lidl-Trek + 37
1 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 81:22:19
2 O’CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team +2:02
3 MAS Enric Movistar Team +2:11
4 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost +3:00
5 GAUDU David Groupama - FDJ +4:48
6 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek +5:18
7 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe +6:26
8 LANDA Mikel Soudal Quick-Step +6:57
9 SIVAKOV Pavel UAE Team Emirates +8:50
10 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers +10:31