Cyclocross3. Plaz fir d'Christine Majerus zu Zonnebeke an der Belsch

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg, een Dag virum leschte Weltcup vun der Saison, war d'Lëtzebuerger Championne bei engem internationale Cyclocross an der Belsch am Asaz.
© pressphoto (Archiv)

Beim Kasteelcross zu Zonnebeke an der Belsch ass d’Christine Majerus e Samschdeg op déi drëtte Plaz gefuer. D’Lëtzebuerger Championne hat e Retard vun 38 Sekonnen op d’Gewënnerin Loes Sels aus der Belsch. Déi zweete Plaz war fir d’Tschechin Katerina Nash.

E Sonndeg ass d’Christine Majerus nach beim Weltcup zu Hoogerheide an der Belsch am Asaz. Den éischte Weekend am Februar ass dann d’WM zu Bogense an Dänemark.

Back to Top
CIM LOGO