Besonnesch d’Finall duerch d’Wéngerten an op zum Deel schlechte Stroossen suergt dofir, datt de Coureuren nach eemol alles ofverlaangt gëtt.
Am Joer 2022.war den Alex Kirsch bei Paris-Tours op de leschte Kilometer vir a probéiert, iwwer d`Feldweeër duerch d`Wéngerten zesumme mat deenen anere Coureuren an der Echappée eng kleng Avance op de Peloton ze halen.
D’Motivatioun op e gutt Resultat bei dëser prestigiéiser Course war motivant.
De Parcours mécht et méiglech, eng offensiv Course ze fueren. Fréier war Paris - Tours eng Course fir d`Sprinter, zanterhier awer déi schmuel Feldweeër agebaut sinn, fille sech och d`Klassiker-Spezialiste wuel a probéieren, de Sprint vun engem grouss Peloton z`evitéieren.
Lidl-Trek ass fir Paris - Tours gutt opgestallt. Mam Mads Pedersen huet een e grousse Klassiker-Spezialist dobäi.
E Sonndeg kënnt Dir déi vun 15.30 Auer un bei der Finall vu Paris - Tours dobäi sinn. Wéi d’Lëtzebuerger Coureure sech aus der Affär gezunn hunn, misste mer kuerz viru 17 Auer wëssen. Dann ass d’Arrivée an de Stroossen vun Tours virgesinn.