Cyclissem-WMAm Zäitfuere vun de Juniorinne fiert d'Gwen Nothum op déi 16. Plaz

Tom Flammang
Gewonne gouf d'Course vum britteschen Nowuesstalent Cat Ferguson.
© FSCL Hugo Barthelemy (Archiv)

Sëlwer war fir d’Slowakin Viktória Chladoňová. Op déi 3. Plaz koum mam Imogen Wolff eng weider Brittin.

No 18,8 Kilometer hat déi eenzeg Lëtzebuergerin um Depart e Retard vun 1 Minutt a 34 Sekonne.

En Donneschdeg de Moie steet d’Stroossecourse fir d’Juniorinnen um Programm. Hei ass nieft dem Gwen Nothum och nach d’Lena Lallemang fir Lëtzebuerg um Depart.

Back to Top
CIM LOGO