Tour duerch Kolumbien: 4. EtappBob Jungels wënnt an ass neie Leader

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet de Bob Jungels déi 4. Etapp vum Tour duerch Kolumbien no enger Attack am leschte Kilometer zu Medellin gewonnen.

Staarken Optrëtt vum Bob Jungels op der 4. Etapp vum Tour duerch Kolumbien. De Lëtzebuerger Champion wënnt e Freideg no 144 Kilometer mat Arrivée zu Medellin, virun de Sprinter, dat nodeems hie sech eng ronn 700 Meter virum wäisse Stréch, aus dem Peloton ofgesat hat. Mat engem Réckstand vun 3 Sekonne sinn den Est Mihkel Räim an de Fransous Julian Alaphilippe op d’Plazen zwee an dräi gefuer.

Duerch d’Victoire vun der 4. Etapp huet de Bob Jungels d’Féierung am Tour duerch Kolumbien iwwerholl. Hien huet 2 Sekonne Virsprong op den Alaphilipp an der 4 op de Kolumbianer Daniel Martinez.

D’Klassement vun der Etapp

1 Bob Jungels (Lux) Deceuninck - Quick Step 3:04:37
2 Mihkel Räim (Est) Israel Cycling Academy 0:00:03
3 Julian Alaphilippe (Fra) Deceuninck - Quick Step 0:00:03
4 David Villareal (Ecu) Nationalmannschaft Ecuador 0:00:03
5 Hideto Nakane (Jpn) Nippo - Vini Fantini - Faizane 0:00:03
6 Diego Antonio Ochoa Camargo (Col) Manzana - Postobon Team 0:00:03
7 Weimar Alfonso Roldán Ortiz (Col) Medellin 0:00:03
8 Edwin Alcibiades Avila Vanegas (Col) Israel Cycling Academy 0:00:03
9 Miguel Eduardo Florez Lopez (Col) Androni Giocattoli - Sidermec 0:00:03
10 Daniel Muñoz Giraldo (Col) Androni Giocattoli - Sidermec 0:00:03

De General

© Tim De Waele / Getty Images

Back to Top
CIM LOGO