4 Sekonne war um Enn d’Differenz tëscht dem Kasia Niewiadoma an dem Demi Vollering. Et war eng extrem spannend d’Course, déi d’Supporter e Sonndeg gebduede kruten. D’Demi Vollering war jo bekanntlech op der Etapp op Amnéville leschten Donneschdeg gefall an huet bis op en Enn probéiert, fir hire Retard nach opzehuelen. Trotz Etappevictoire op der Alpe d’Huez ass dat der hollännescher Favoritin net gegléckt.
Fir déi 23 Joer jonk Nina Berton war et schonn den 2. Tour de France. Si war ugangs der Course gefall an huet sech duerchgebass, fir sech als 98. ze klasséieren.Fir si war d’Christine Majerus eng wichteg Inspiratioun, fir selwer ze probéieren, eng Karriär am Vëlossport ze maachen. Lo gëllt et fir déi 2 Athletinnen ze recuperéieren, éier dann nach e puer Coursse bis d’Enn vun der Saison ze fuere sinn.