E Samschdeg de Mëtteg kënnt Dir Damme-Course vu 14.50 Auer un live bei eis um 1. RTL op der Télé an am Livestream op RTL.lu suivéieren. Eng Course an där d’Christine Majerus wäert probéieren, hir gutt Leeschtung aus dem leschte Joer ze widderhuelen.
Wann d’Dammen e Samschdeg de Mëtteg op de Parcours geschéckt ginn, da kann ee sech ee komplett aneren Oflaf erwaarden, wéi dat d’lescht Joer zu Valkenburg an Holland nach de Fall war. Op d’Cyclocross-Spezialistinne waart nämlech een haart gefruerenen a séiere Parcours laanscht d’Mier. Déi niddreg Temperaturen ëm de Gefréierpunkt droen dozou bäi, datt d’Konditioune am Verglach zum Bulli vu Valkenburg komplett aneschters sinn.
D’Konkurrenz bei den Damme réckelt ëmmer méi no beieneen a kleng Detailer kënnen um Enn decidéieren, ob et fir eng Top-Placéierung duer geet oder net.
Wat de Verlaf vun der Course ugeet, sou heescht, et sou vill wéi méiglech Feeler ze vermeiden a beschtefalls direkt de Sprong an e gudde Grupp ze maachen.
D’lescht Joer war d’Christine Majerus sou just net mat op de Podium komm an hat sech als 4. klasséiert. Fir e Samschdeg huet d’Lëtzebuergerin mat der 3. vum leschte Joer eng kloer Favoritin. D’Christine Majerus géing hir Suen op alle Fall op d’Lucinda Brand setzen.
Am grousse Ganze kommen e Samschdeg gutt 15 Damme fir eng Plaz um Podium a Fro. D’Dagesform, d’Chance an déi néideg Konzentratioun wäerten um Enn entscheeden, wie sech nom Sanne Cant nei Weltmeeschterin dierf nennen.
RTL-Artikel: VIDEO-Reportage: De Vincent Dias dos Santos freet sech op d’Cyclocross-WMRTL-Artikel: Cyclocross-WM: Christine Majerus, Vincent Dias Dos Santos a Scott Thiltges um Depart