Cyclocross zu MeilenChristine Majerus muss sech nëmmen dem Jolanda Neff geschloe ginn

RTL Lëtzebuerg
Bei enger weiderer Manche vun der EKZ CrossTour kënnt d'Christine Majerus e Mëttwoch zu Meilen an der Schwäiz op déi 2. Plaz.
D'Christine Majerus bei hirer Victoire en Dënschdeg zu Péiteng.
D’Christine Majerus bei hirer Victoire en Dënschdeg zu Péiteng.
© Val Wagner

D’Lëtzebuerger Championne hat um Enn ee Retard vun 31 Sekonnen op d’Gewënnerin Jolanda Neff aus der Schwäiz. Déi drëtte Plaz geet un d’Denise Betsema, d’Hollännerin läit am Generalklassement vum EKZ CrossTour relativ kloer a Féierung. Si konnt schonns 3 Manchë gewanne a stoung elo schonns fir d'5. um Podium.

D’Christine Majerus läit am General op der 7. Plaz, allerdéngs ass si nëmmen 3 Manchë gefuer an allkéiers stoung d’Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer mat um Podium.

Back to Top
CIM LOGO