FOTOEN: Cyclocross-WeltcupChristine Majerus packt et ënnert déi éischt 10

RTL Lëtzebuerg
Beim leschte Weltcup virun der Cyclocross Weltmeeschterschaft koum d'Christine Majerus zu Hoogerheide an Holland op déi 10. Plaz.

Mat engem Retard vun 1 Minutt an 13 Sekonnen op d’Gewënnerin Lucina Brand aus Holland, schléisst d’Lëtzebuerger Championne déi lescht Course vum Weltcup op der 10. Plaz of. Um Podium stoungen nieft dem Lucina Brand nach d’Katherine Compton aus den USA an d’Marianne Vos aus Holland.

Bei der Männer Elite ass de Scott Thilges mat engem Retard vun zwou Ronnen op déi 52. Plaz komm. De Vincent Dias Dos Santos huet et net an d’Klassement gepackt.

Bei der U23 ass den Nicolas Kess op déi 40. Plaz komm a war domat beschte Lëtzebuerger. De Felix Schreiber ass kuerz drop als 45. an d’Zil komm.

Bei de Junioren waren direkt 5 Lëtzebuerger am Asaz. Am Beschten huet do de Loïc Bettendorff ofgeschnidden, deen et op déi 16. Plaz gepackt huet. Hannendrun hu sech den Tom Paquet (45.), Mik Esser (50.), Mats Wenzel (54.) an de Pablo Blatt placéiert.

FOTOGALERIE vum Jeff Gloden

Back to Top
CIM LOGO