Cyclocross-WMChristine Majerus, Vincent Dias Dos Santos a Scott Thiltges um Depart

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun der Präisiwwerreechung vum Skoda Cross Cup huet d'Vëlosfederatioun e Méindeg d'Selektioun fir d'WM zu Bogense an Dänemark bekannt ginn.
© RTL-Grafik

De Skoda Cross Cup gouf jo bei den Damme vum Elise Maes gewonnen a bei den Häre goung den Titel un de Vincent Dias Dos Santos.

Am Kader vun der Präisiwwerreechung gouf och de Kader fir Cyclocross-WM an Dänemark, den 2. an 3. Februar 2019 zu Bogense presentéiert.

Bei der Dammen-Elite geet just d’Christine Majerus un den Depart, bei der Hären-Elite ginn de Vincent Dias Dos Santos an de Scott Thiltges an d’Course.

D’FSCL huet bei de Junioren de Loïc Bettendorff, de Mik Esser an den Tom Paquet nominéiert a bei den Espoiren dierfen den Nicolas Kess an de Felix Schreiber d’Lëtzebuerger Faarwe vertrieden.

D'Elise Maes an de Vincent Dias dos Santos.
D’Elise Maes an de Vincent Dias dos Santos.
© Val Wagner

Skoda Cross Cup: Fotoe vun der Präisiwwerreechung vum Val Wagner.

D’Gewënner vum Skoda Cross Cup

Hären Elite/U23: Vincent Dias Dos
Dammen Elite/U23: Elise Maes
Junioren: Loïc Bettendorff
Masters: Serge Bertemes
Debutanten: Mathieu Kockelmann
Debutant Meedercher: Marie Schreiber

© FSCL

Back to Top
CIM LOGO