Ass fir Lëtzebuerger Ekipp gefuerDe Cyclist Bas van Belle stierft onerwaart

RTL Lëtzebuerg
E schwaarzen Dag fir de Vëlossport. Nëmme Stonnen nom Doud vun der Schwäizerin Muriel Furrer, ass mam Bas van Belle dat nächst Talent gestuerwen.
© Screenshot Social Media

Den hollännesche Vëlosverband huet den “onerwaarten” Doud vum 24 Joer ale Sportler matgedeelt. Eenzelheeten, wéi de Grond vum Doud, goufen net genannt. Zulescht ass hie jo als Veräinsfuerer bei Wielerploeg Groot Amsterdam gefuer.

Tëscht 2019 an 2020 ass hier fir déi Lëtzebuerger Ekipp Leopard Pro Cycling gefuer. Dono ass e bei den hollännesche Veräin gewiesselt, wou hien och eng Partie gutt Resultater opweises hat.

Back to Top
CIM LOGO