De Jempy Drucker ass nieft dem Maximilian Schachmann an dem Oscar Gatto deen 3. Transfert vu Bora fir déi nei Saison. De Lëtzebuerger gouf speziell fir d’Courssen op de Paweeën engagéiert. De Jempy Drucker soll virun allem an der Finall sengem neie Kapitän Peter Sagan zur Säit stoen. An och deen huet den 32 Joer ale Profi op Mallorca besser kennegeléiert.
No 4 Saisone bei BMC huet de Jempy Drucker viru Kuerzem fir 2 Joer bei Bora Hansgrohe ënnerschriwwen. De Responsabele bei der däitscher Ekipp waren dem Lëtzebuerger seng 17 Top-10-Plazen 2018 net entgaangen.
D’Schlësselbeen, fir d’drëtt
Leider huet d’Preparatioun fir déi nei Saison alles anescht ewéi gutt ugefaangen. Op Hellegowend war de Jempy Drucker zu Diddeleng am Training gefall an hat sech fir d'3. Kéier an senger Karriär dat lénkst Schlësselbee gebrach. No der Operatioun an der Belsch huet hien de 4. Januar awer schonn erëm trainéiert.
No den éischte Prepartiounscourssen op spueneschen a portugisesche Stroossen fiert de Jempy Drucker Ufanks Mäerz den Het Nieuwsblad a Kuurne-Bréissel-Kuurne, zwou Courssen, déi RTL Lëtzebuerg live iwwerdréit. Déi éischt Highlighte vu senger Saison sinn dann den Tour des Flandres a Paris-Roubaix.
Wuel Vuelta
Aktuell steet de Lëtzebuerger wuel op der “Longlist” fir den Tour de France, mä et gesäit éischter sou aus, wéi wann de Jempy Drucker d’Vuelta géif fueren.