VIDEO-ReportageDe Vincent Dias dos Santos freet sech op d'Cyclocross-WM

RTL Lëtzebuerg
Bei den Dammen ass d'Christine Majerus mat um Depart. D'Course kënnt Dir live op der RTL Télé an am Livestream op RTL.lu kucken.
Vincent Dias dos Santos freet sech op d'Cyclocross-WM
Bei den Dammen ass d’Christine Majerus mat um Depart. D’Course kënnt Dir live op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu kucken.

No der excellenter 4. Plaz vum Christine Majerus bei der Cyclocross-Weltmeeschterschaft 2018 zu Valkenburg an Holland sinn d’Erwaardunge bei der Lëtzebuerger Vëlosfederatioun grouss, datt d’Lëtzebuerger Championne dëst Joer nees an der Weltspëtzt ka matmëschen. De Lëtzebuerger Nationaltrainer Michel Wolter hofft, datt d’Streck zu Bogense an Dänemark déif wäert sinn an doduerch vill gelaf muss ginn, well dat kënnt dem Christine Majerus entgéint.

D’Christine Majerus huet an de leschte Woche bei de Courssen Héichten an Déifte kannt an doduerch däerf ee gespaant sinn op d’Lëtzebuergerin et fäerdeg bréngt, zu Bogense an Top-Form un den Depart ze goen. Fir ganz vir matzefueren brauch d’Christine Majerus awer dat néidegt Gléck op hirer Säit.

E Sonndeg ass d’Christine Majerus nach zu Hoogerheide an Holland de Weltcup matgefuer. Um Enn war et déi gutt 10. Plaz. D’Generalprouf ass deemno gegléckt.

FOTOE vum Cyclocross-Weltcup zu Hoogerheide an Holland vum Jeff Gloden.RTL-Artikel: Cyclocross-Weltcup: Christine Majerus packt et ënnert déi éischt 10D’Dammecourse gëtt samschdes den 2. Februar um 15 Auer gefuer. RTL Télé Lëtzebuerg iwwerdréit d’Course mam Christine Majerus live an och op RTL.lu gëtt et ee Livestream. Kommentéiert gëtt dat Ganzt vum Tom Flammang.

Bei den Häre si mam Vincent Dias dos Santos an dem Scott Thiltges zwee Lëtzebuerger mat dobäi. Fir de Lëtzebuerger Champion ass de Start bei enger WM eppes ganz Besonnesches an eng grouss Éier. Fir hie geet et drëm de roude Léiw esou gutt et geet ze vertrieden.

D’FSCL huet bei de Junioren de Loïc Bettendorff, de Mik Esser an den Tom Paquet nominéiert a bei den Espoiren dierfen den Nicolas Kess an de Felix Schreiber d’Lëtzebuerger Faarwe vertrieden.

De Programm vun der Cyclocross-WM den 2. an 3. Februar:

Samschdeg:

11 Auer: Junioren
13 Auer: U23-Hären
15 Auer: Dammen

Sonndeg:

11 Auer: U23-Dammen
15 Auer: Elite

Back to Top
CIM LOGO