CyclissemDrucker a Gastauer am Ausland am Asaz

RTL Lëtzebuerg
De Jempy Drucker ass e Samschdeg bei der 2. Etapp vum Tour vu Murcia op déi 54. Plaz komm. De Ben Gastauer war am Tour de la Provence am Asaz.
© pressphoto (Archiv)

D’Victoire bei der 2. Etapp vum Tour vu Murcia war fir de Luis Léon Sanchez. Zäitgläich mam Astana-Profi ass den Alejandro Valverde iwwer d’Ligne d’Arrivée gefuer. Op déi drëtte Plaz koum de Matteo Trentin mat engem Réckstand vun 13 Sekonnen. De Jempy Drucker koum op déi 54. Plaz, dat mat engem Ecart vun 12 Minutten a 27 Sekonnen - soumat steet de Lëtzebuerger am General op der 47. Positioun mat engem Réckstand vun 12 Minutten an 33 Sekonnen. De Maillot vum Leader dréit iwwerdeems de Luis Léon Sanchez.

Déi 3. Etapp vum Tour de la Provence goung un de Philippe Gilbert - dem Bob Jungels säi Co-Equipier konnt sech am Sprint virum Tom Skujins an dem Tony Gallopin duerchsetzen. De Ben Gastauer koum iwwerdeems mat engem Ecart vun 10 Minutten an 31 Sekonnen op déi 96. Plaz a steet elo am General op der Positioun 66. Säi Réckstand läit hei bei 13 Minutten a 25 Sekonnen. D’Féierung am Generalklassement ass fir de Gorka Izagirre Insausti.

Back to Top
CIM LOGO