Tour de France vun den Dammen, 3. EtappD'Victoire war fir d'Hollännerin Demi Vollering

RTL Lëtzebuerg
Op der 3. Etapp vum Tour de France vun den Damme stoung an der Stroossen vu Rotterdam e Contre-la-montre iwwer 6,3 Kilometer um Programm.

Gewënnerin vum Tour de France vun den Dammen aus dem leschte Joer war 5 Sekonne méi séier wéi Weltmeeschterin am Zäitfueren, d’Chloe Dygert aus Amerika. Déi 3. Plaz war fir d`Loes Adegeest, och si aus Holland. Am Generalklassement wiesselt de Maillot Jaune vun de Schëllere vum Charlotte Kool bei d’Demi Vollering. D`Coequipier vum Christine Majerus huet 3 Sekonnen Avance op d`Lorena Wiebes. D`Chloe Dygert huet als 3. e Retard vu 5 Sekonnen. Fir d`Christine Majerus war et déi 77. Plaz mat engem Retard vu 36 Sekonnen. Am Generalklassement ass d’Lëtzebuergerin déi 69. op 36 Sekonnen. D`Nina Berton konnt sech op der 95. Plaz klasséieren, dat mat engem Retard vun 41 Sekonnen. Am Generalklassement ass d`Nina Berton no der 3. Etapp op der 85. Positioun. Um Mëttwoch ass tëscht Valkenburg a Léck eng schwéier Etapp iwwer 122, 7 Kilometer ze fueren.

D’Klassement vun der 3. Etapp

1 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime 7.25,14
2 DYGERT Chloe Canyon//SRAM Racing 0.05,21
3 ADEGEEST Loes FDJ - SUEZ 0.05,38
4 KERBAOL Cédrine CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 0.05,50
5 FAULKNER Kristen EF-Oatly-Cannondale 0.06,15
6 VAN DIJK Ellen Lidl - Trek 0.06,74
7 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime 0.09,32
8 BREDEWOLD Mischa Team SD Worx - Protime 0.09,58
9 NORSGAARD Emma Movistar Team 0.10,47
10 HENDERSON Anna Team Visma | Lease a Bike 0.11,51
...
77 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 0.36,75
95 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 0.41,73

D’Generalklassement no der 3. Etapp

1 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime 4:27:54
2 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime 0:03
3 DYGERT Chloe Canyon//SRAM Racing 0:05
4 ADEGEEST Loes FDJ - SUEZ ,,
5 KOOL Charlotte Team dsm-firmenich PostNL ,,
6 KERBAOL Cédrine CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team ,,
7 FAULKNER Kristen EF-Oatly-Cannondale 0:06
8 VAN DIJK Ellen Lidl - Trek ,,
9 BREDEWOLD Mischa Team SD Worx - Protime 0:09
10 NORSGAARD Emma Movistar Team 0:10
...
69 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 0:36
85 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 0:41

Back to Top
CIM LOGO