VIDEO-ReportageFabienne Schaus an hiren Dram vun den Olympesche Spiller

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuergerin huet sech an de leschte Joren hei am Land een Numm am Mountainbike gemaach. RTL huet d'Fabienne Schaus an hirem Alldag begleet.
Fabienne Schaus an hiren Dram vun den Olympesche Spiller
D’Lëtzebuergerin huet sech an de leschte Joren hei am Land een Numm am Mountainbike gemaach. RTL huet d’Fabienne Schaus an hirem Alldag begleet.

D’Fabienne Schaus stoung rezent eng éischte Kéier an den Top50 vun der Welt a fiert dës Saison fir eng Schwäizer Ekipp. Eng RTL-Ekipp huet d’Lëtzebuergerin besicht a sech e Bild gemaach, wéi si hir Aarbecht an de Sport ënnert een Hutt kritt a se gefrot, wat hir grouss Ziler am Mountainbike sinn.

© RTL Télé Lëtzebuerg

E Freideg de Moie kuerz viru Mëtteg. Mir hu Rendez-vous mam Fabienne Schaus. Déi 34 Joer al Cyclistin schafft um Helleggeescht-Plateau an der Cité Judicière.

Wou aner Dammen am internationale Peloton sech géifen drëms beméien, sou gutt wei méiglech déi berufflech Ustrengungen ob e Minimum ze reduzéieren, kritt d’Vëlosportlerin d’Méiglechkeet, duerch flexibel Aarbechtszäite béides ënnert een Hutt ze kréien. Eppes wat si sech och net anescht hätt kënne virstellen.

War d’Saison 2018 eng e bësse méi roueg, sou wëll d’COSL-Kader-Athletin dës Saison nach emol sou richteg ugräifen. Den Optakt vun der Saison war gutt a bei der éischter Etappecourse vum Joer, déi als Virbereedung fir déi richteg Cross-Country-Courssen zielen, koum d’Fabienne Schaus zu Lanzarote op eng staark 3. Plaz. E Klassement dat zouversiichtlech stëmmt an de groussen Dram vun den Olympesche Spiller e bësse méi realistesch gi léist.

© RTL Télé Lëtzebuerg

An der Mëttesstonn steet en Training um Programm. De Mountainbike-Training gëtt dacks op der Strooss gefuer, e Freideg stoung awer eng Sortie duerch de Bësch um Plang. Hautdesdaags ginn d’Parcoursen ëmmer méi usprochsvoll a verlaangen den Dammen och op techneschem Plang villes of.

Fir Olympia gëtt et ee Lännerklassement dat doriwwer entscheed, ob eng Natioun dobäi ass oder net. D’Chance, datt d’Fabienne Schaus et iwwer dee Wee packt, ass inexistent, déi eenzeg Chance ass eng Top-Plaz bei der Weltmeeschterschaft dëst Joer.

Déi nächst Woch ass d’Damm aus der Schwäizer Ekipp bei enger weiderer Etappecourse ob Zypern engagéiert, éier déi méi wichteg Eenzelcoursse programméiert sinn, mat Héichpunkt der WM a Kanada. Duerno weess d’Sportlerin ob den Dram vun den Olympesche Spiller Realitéit gëtt oder net.

Back to Top
CIM LOGO