Och de Bob Jungels wäert bis nächste Freideg wichteg Trainingskilometer bei agreabele 17 Grad sammelen.
De 26 Joer ale Lëtzebuerger Champion fiert dës Saison net den Tour de France, mee de Giro d’Italia. Mee och bei de Fréijoersklassiker wëll de Bob Jungels erëm eng Roll spillen. Do geet de Lëtzebuerger Champion virun allem bei de Pawee-Klassiker mat un den Depart. Dat heescht, dass de Bob Jungels bei Omloop Het Nieuwsblad, vläicht Kuurne–Bréissel–Kuurne dobäi ass. Paris-Nice wäert hie fueren an dono iwwer De Panne an Dwars door Vlaanderen bis hoffentlech och den Tour des Flandres. Bis bei den Tour des Flandres wier alles geplangt, dono wier just sécher, dass hien de Giro fiert. Fir de Rescht misst een nach kucken, wat soss nach u Courssen an de Kalenner vum Lëtzebuerger Profi passt. Wat den Tour de France ugeet, war et scho bewosst gemaach, dass hien d’Grande Boucle net géing fueren. Éischtens hätt den Enric Mas et no senger 2. Plaz bei der Vuelta verdéngt an zweetens géing de Giro him besser leien, wou ënnert anerem 3 Zäitfueren um Programm stinn.
Et kéint villäicht eng ganz minimal Chance bestoen, dass de Bob Jungels als Hëllef fir den Enric Mas un den Depart vum Tour de France kéint goen, ma de Jungels selwer denkt net, dass hien dobäi wäert sinn.
FOTOGALERIE: Andréck vun der Team-Presentatioun vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.Deceuninck Quick-Step ass 2018 impressionnant 73 Victoiren agefuer, huet awer mam Fernando Gaviria (6 Succèsen) an dem Tour-des-Flandres-Gewënner Niki Terpstra 2 wichteg Coureure verluer.
Den Teamchef Patrick Lefevere setzt op säin aktuelle Kader a virun allem op d’Jugend.
E Mann fir Zukunft ass den eréischt 18 Joer ale Belsch Remco Evenepoel, deen d’lescht Saison bei de Junioren Europa- a Weltmeeschter ginn ass.
Den Elia Viviani, deen 2018 18 Mol gewanne konnt, ass de Sprintkapitän bei Deceuninck Quick-Step. Et hofft een awer och op den Duerchbroch vum Alvaro José Hodeg. Stybar, Lampaert, Gilbert an Alaphilippe sinn nieft dem Bob Jungels d’Haaptcoureure fir d’Fréijoersklassiker an den Enric Mas ass de Kapitän fir den Tour de France. De 24 Joer ale Spuenier war d’lescht Joer den 2. vun der Vuelta.
Deceuninck Quick-Step huet mat 25 Coureuren aus 11 Natiounen, 3 Profie manner am Kader ewéi 2018 an och de Budget ass liicht méi kleng. Trotzdeem probéiert déi belsch Ekipp hir Positioun als beschten Ekipp vun der Word Tour ze verdeedegen. Et gëtt schonns déi 17. Saison fir déi belsch Ekipp.